Sie sind hier

D’Demokratesch Partei vernäipt sech virum Grand-Duc Jean.

News Pressemitteilung

Grand-Duc Jean(†) (1921-2019)

D’Demokratesch Partei vernäipt sech virum Grand-Duc Jean.

De Grand-Duc Jean stoung säi ganzt Liewe laang flichtbewosst op der Säit vun de Lëtzebuerger. An de gudde wéi an de manner gudden Zäiten.

Hien war am Juni 1944 beim Debarquement op de Plagë vun der Normandie dobäi an hien huet Lëtzebuerg zesumme mat den Amerikaner am September 1944 liberéiert.

De Grand-Duc Jean war e Staatschef, deen de Kontakt mat de Leit gesicht huet, op seng eegen, zeréckhalend Manéier. Den éischte Scout vum Land war ëmmer do, wann d’Lëtzebuerger säin Zousproch a seng Präsenz gebraucht hunn.

De Grand-Duc Jean huet Lëtzebuerg a senger gesellschaftlecher a wirtschaftlecher Entwécklung wärend dem leschte Joerhonnert begleet a vertrueden. De Staatschef war dobäi e virbildlechen Ambassadeur vun eisem Land. Ob beim 150. Anniversaire vun eiser Onofhängegkeet am Joer 1989 oder bei der Remise vum Karlspräis un d’Lëtzebuerger Vollek am Joer 1986.

De Grand-Duc Jean war en oppenen a positive Mënsch, deen op d’Leit duergaangen ass. D’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vu sengem Land louchen him besonnesch um Häerz. D’Zukunft vun de jonke Generatioune war him dobäi ëmmer e wichtegt Uleies.

Lëtzebuerg huet sengem Souverain vill ze verdanken a wäert hie vermëssen.  

Merci Monseigneur!

D’Demokratesch Partei dréckt dem Grand-Duc Henri an der ganzer groussherzoglecher Famill hiert opriichtegt Bäileed aus.

 

AnhangGröße
PDF Icon Grand-Duc Jean Communiqué.pdf55.43 KB