Sie sind hier

DP géint erzwonge Fusiounen a nationale Referendum

News Gemeinden Lydie Polfer Martine Dieschburg-Nickels

D’DP ënnerstëtzt zu 100 Prozent Gemengefusiounen, déi absolut Sënn maachen, wann Gemengen hir finanziell a personell Kräfte bündelen an esou hire Bierger e bessere Service kënnen ubidden“, betount d’Lydie Polfer direkt am Ufank vun der Pressekonferenz. Virun allem déi méi kleng Gemenge stoussen nämlech séier un hir Grenzen, wann si sollen neit Personal astellen oder grouss Infrastrukturprojete realiséieren.

Dofir huet d’DP och ëmmer d’Approche ënnerstëtzt, zesumme mat de jeeweilege Gemengeréit Fusioune gewëssenhaft virzebereeden an d’Bierger ze informéieren. Um Enn vun dësem deels ganz laangwierege Prozess stoung e Referendum an de fusiounsbereete Gemengen, wou d’Bierger hir Meenung zum Ausdrock brénge konnten.

De Claude Wiseler, Spëtzekandidat vun der CSV vertrëtt dergéint eng ganz aner Iddi: d’CSV wëll eng nei Landkaart mat just nach 60 Gemengen zeechen an dës dem Wieler an engem nationale Referendum zur Ofstëmmung virleeën. Och wann dës Iddi net ganz nei ass – se stoung schonn am CSV-Wahlprogramm 2013 – sinn dach vill Gemengepolitiker erstaunt a besuergt. Virop de President vum Syvicol de CSV-Deputéierten Emile Eicher: de Syvicol, deen d’Interesse vun de Gemenge vertrëtt, ass glat a guer net begeeschtert vun dëse Pläng.

Fir d’Martine Dieschburg sinn d’Argumenter géint erzwonge Gemengefusioune kloer: „Gemengefusioune musse vun de concernéierte Gemenge selwer ausgoen a vun hiren Awunner gedroe ginn. D‘DP distanzéiert sech kloer vun esou enger Aart a Weis vun uewen erof Politik ze maachen. Deen een Dag kréien d’Gemenge gesot si kéinte fraïwëlleg fusionéieren, an den Dag drop wann ee feststellt dat net jiddereen dat wëllt, respektiv wann dat net séier genuch geet, dann zwéngt d’CSV se mateneen ze fusionéieren.

Virun allem d’Ukënnegung vun engem nationale Referendum steiert d’Martine Dieschburg: „Wéi demokratesch ass et nach, wann d’Bierger aus grousse Gemengen, wéi der Stad, Esch oder Diddeleng iwwert d’Zukunft vu Bierger aus klenge Landgemengen entscheeden? Esou e Virgoe vun der CSV ass weder demokratesch nach gutt fir d’Stëmmung am Land!

Fir d’DP ass ganz kloer, datt d’CSV elo Faarf muss bekennen. Entweder de Claude Wiseler trëtt vu senger Iddi zréck oder awer d’CSV muss nach virum 14. Oktober hir nei Gemengelandkaart verëffentlechen, fir datt all Wieler sech säin eegent Bild iwwert der CSV hir Pläng maache kann.

D’Lydie Polfer huet dann och d’DP-Alternative virgestallt. D’DP wëll de de Gemengen an hire Bierger d’Fusiounen erëm méi schmackhaft maachen, andeems déi staatlech finanziell Ënnerstëtzung fir Fusiounsgemengen erëm an d’Luucht geet an u Fusiounsprojete gebonne gëtt. Mä och am Virfeld vu Fusioune solle gemeinsam Projeten vun zwou oder méi Gemenge méi staark ënnerstëtzt ginn, fir datt dës Gemengen iwwert dëse Wee zesummewuesse kënnen. Do dernieft wëll d’DP de Seuil vun 3.000 op 6.000 Awunner fir Fusiounsgemengen eropsetzen, är si vum Majorz- an de Proporzsystem wiessele mussen. „Mir wëllen d’Fusiounen zesumme mat de Gemengen ugoen a net géint si“, esou de Fazit vun der Pressekonferenz.

 

 


Lydie Polfer

Martine Dieschburg-Nickels