Sie sind hier

Weltwäit Klimasolidaritéit: En Appell un d'USA!

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Wéi geet et viru mam Paräisser Klimaaccord? Doriwwer hunn d'Deputéierten de leschten Dënschdeg an der Chamber debattéiert. Fir d’DP huet de Süd-Deputéierte Max Hahn Stellung geholl an där hie betount huet, datt Klimapolitik kenger Parteipolitik dierf zum Affer falen:

„Keen huet d'Recht op Basis vun enger Ideologie Decisiounen ze treffen, déi Milliarde Leit concernéieren. Dat sinn net meng Wierder, mee déi vum amerikaneschen Ausseminister John Kerry am Kader vun der COP22 zu Marrakesch. Leider sinn dës Wierder an dësen Deeg néideg, well keen esou richteg weess, wat den nei gewielten amerikanesche President Donald Trump a Saache Klimaschutz wëlles huet. Fir d'Fidschi-Inselen ass d'Klimapolitik scho längst Iwwerliewenspolitik a mir dierfen net zouloossen, datt d'Errongenschafte vu Paräis ee Joer drop der Parteipolitik geaffert ginn.“

D'COP22 zu Marrakesch stoung virun allem ënnert dem Androck vun den amerikanesche Walen. Vill Acteuren hunn e waarmen Appell un d'USA gemaach, fir an der Klimapolitik elo net e Schratt zeréckzegoen. Positiv ervirzehiewen ass, datt schonn 111 Staaten de Paräisser Accord ratifizéiert hunn. Iwwerdeems ass zu Marrakesch eng konkret Roadmap mat deenen nächste Schrëtt beschloss ginn.

De Max Hahn huet awer och dorunner erënnert, datt d'Aarbecht fir Lëtzebuerg elo eréischt ufänkt an een sech ganz intensiv muss domadder ausernee setzen, ewéi mir aus enger ressourcen- a CO2-intensiver Wirtschaft Stéck fir Stéck kënnen erausklammen. De Rifkin-Rapport huet do éischt Pistë ginn, déi een elo misst seriö diskutéieren.

D'Ziler a Saache Klimaschutz sinn ambitiéis: „ Eist Zil muss et sinn, besser Alternativen an der Mobilitéit unzebidden, op am Individualverkéier oder beim ëffentlechen Transport. Mir mussen eisen Aalbestand esou moderniséieren, datt eis Haiser keng Energiverbëtzer méi sinn. Mir mussen duerch intelligent Maschinnen den Energieverbrauch optiméieren. An et muss eis geléngen en zouene Kreeslaf ze schafen, wou déi genotzte Materialie systematesch recycléiert a weider verwäert ginn. All dëst verlaangt politesche Courage a jo och e Mentalitéitswiessel bei ville Leit.“

Ofschléissend huet de Max Hahn nach dorobber higewisen, datt wann näischt am Klimaschutz geschitt, en zukünftegen US-President sech wuel net brauch op d'Fidschi-Inselen ze deplacéieren, fir de Klimawandel hautno ze spieren, mee datt wuel an deem Fall e kuerzen Tripp op New Orleans, Miami oder New York géif duer goen.

view video on chd.lu


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn