Sie sind hier
Fir de fräien a fairen Handel !
Haut de Mëtten huet den André Bauler an enger Aktualitéitsstonn zum Welthandel Stellung bezunn.
Protektionistesch Tendenzen
"Spéitstens zënter dem leschte G7 Treffen an dem NATO Sommet huet mëttlerweil all Kand gemierkt, datt den Här Trump bereet ass sech mat senge Partner unzeleeë fir seng Ziler duerchzesetzen." esou den Deputéierten. Et ass schued, dass den amerikanesche President elo op protektionistesch Mesuren zréckgräife wëll fir amerikanesch Produkter ze bevirdeelegen.
"Net an d’Gette goen"
"Fir eis als DP däerf d’EU net virun dem Trump-Amerika an d’Gette goen" ass do déi kloer Äntwert vum Här Bauler. Europa muss also handlungsfäeg bleiwe wann et ëm d’Verhandele vu multilateralen Accorde geet. Héich Normen, sozialer, ekologescher a sanitärer Natur, mussen sech duerchsetzen! Esou kann de fräien a fairen Handel weider Leit aus der Aarmut huelen.
Fir eis als DP däerf d’EU net virun dem Trump-Amerika an d’Gette goen. Fir de fräien a fairen Handel, och am Interessi vun de Konsumenten! pic.twitter.com/XnwKrKH6Sj
— André Bauler (@andre_bauler) June 27, 2017