Sie sind hier

Neie Plan d’Action National d’Intégration

News Gesellschaft Corinne Cahen

D’Ressortministesch huet sech bei der Debatt an der Chamber un déi Zäit erënnert, wéi si 2011 nach als Fräiwëlleg op Campinge gaang ass, fir Flüchtlingen ze hëllefen, déi deels mënschenonwierdeg logéiert waren.

Kee Verglach mat haut, esou d’Corinne Cahen, wou déi staatlech Strukturen dach bedeitend besser opgestallt sinn, fir am Fall vun enger neier Flüchtlingskris ze reagéieren. Dofir wier et desto méi  wichteg, fir sech a relativ rouegen Zäiten wéi elo op nei Affluxe virzebereeden.

 Integratioun kann net ouni d’Manpower oder de finanziellen a logistesche Support vum Staat fonctionnéieren. Dofir ass den OLAI als verantwortlech Verwaltung reforméiert ginn an ass elo gutt opgestallt fir d’Zukunft virzebereeden, huet d’Ministesch ënnerstrach. Ma genee esou wichteg sinn de Benevolat an d’Solidaritéit vun der Zivilgesellschaft mat hire sëllechen Associatiounen a Fräiwëllegen, déi ë.a. d’Roll vum Syndikalist missten iwwerhuelen, fir d’Politik op d’Faiblessë vum System opmierksam ze maachen.

En anere wichtege Pilier sinn d’Gemengen, wou d’Leit – an do zemol d’Kanner – sech am beschten an der Schoul an an de Veräiner aliewen a kenneléieren. Dofir géint de Staat Associatiounen a Veräiner och weider an hiren Efforten ënnerstëtzen.

 D’Corinne Cahen huet an hirer Interventioun och insistéiert, datt d’Integratioun sech dacks am Klengen ofspillt, datt dacks Detailer zielen. Z.B. d’Zesummesinn an de genannte Veräiner; déi  perséinlech Betreiung vun neien Demandeurs d’asile duerch Fräiwëlleger an de Gemengen; oder duerch de Fait, datt d’Strukturen antëscht alleguerte Wifi hunn, fir de Leit esou dacks deen eenzege Kontakt mat Frënn a Famill ze garantéieren.  

Integratioun ass keng Assimilatioun... ma en Zesummewuesse vun Kulturen... e géigesäitegt Kenneléieren, esou den engagéierten Fazit vun der Ressortministesch Corinne Cahen.

 


Corinne Cahen