Sie sind hier

Debat iwwert d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie

News Wirtschaft Joëlle Elvinger André Bauler

An der Chamber gouf iwwert d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie debattéiert. D’DP-Deputéiert Joëlle Elvinger an André Bauler hunn opgezielt wou Lëtzebuerg momentan gutt do steet a wou een sech nach besser kann opstellen.

Mir brauchen eng qualititativ Kompetitivitéit

D’Walfer Deputé-Maire Joëlle Elvinger huet eng Paralel zum Wuesstumsdebat gezunn. Hat ass iwwerzeegt, dass mir net nëmmen e qualititaitve Wuesstum, mä och eng qualitativ Kompetitiviétit brauchen. Dat heescht, datt mir nëmme kënne kompetititv sinn a Beräicher wou Qualtiéisproduiten oder héihqualtitiaiv Servicer ugebude ginn, déi eng héich Plus-Value generéieren.

En attraktive Package

D’Steierreform wäert net nëmmen de Privatleit méi Kafkraaft ginn, mä och d’Entreprisen ënerstëtzen fir weiderhi kompetitiv ze beliwen, sief dat duerch d’Erofsetze vu IRC,  dem binification d’impôt pour investissement oder der Hëllef bei der Transmissioun vu Fammiljebetriber. Mä en attraktivt Steriëmfeld geet alleng net duer. Lëtzebuerg muss als Standuert en interessante Package ubidden. Dozou gehéiert net nëmmen en attraktive steierleche Kader, mä och niddreg Lounniewekäschten, modern Infrastrukturen (Fluchafen, Stroossenentz, ëffentlechen Transport, Ultra Haut Debit Netzwierk), an eng politesch Stabilitéit.

Mir si kompetitiv, well mir eis selwer ëmmer erëm a Fro stellen. Well sech selwer a Fro stellen, wéi mir dat mat eisem Staatsbudget, mat eiser Steierreform, mat eiser Finanzplaz a mat eisem Bildungswiese gemat hunn. Dat ass déi gréisste Stäerkt vun eisem Land. Dëse Package, deen eist Land ubitt an deen an éischter Linn op Qualitéit opbaut, muss stänneg adaptéiert gi fir och kompetitiv ze bleiwen“, sou d’Joëlle Elvinger.

Méi ressourceschounend schaffen

Et gouf déi leschte Jore schonn op ville wichtege Schrauwe gedréint! Besonnesch an de Beräicher Steieren a Bildung hunn déi respektiv Ministèrë gutt Aarbecht geleescht fir eise Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell un d’Realitéiten unzepassen. Elo gëllt et an Zukunft méi ressourceschounend ze liewen an ze schaffen. Dëst ass och deen eenzege Wee wéi mir eis Produktivitéit steigere kënnen ouni op eis Acquise mussen ze verzichten!

Gesond Staatsfinanzen als Viraussetzung

Den Nord-Deputéierten André Bauler huet dorobber higewisen, dass wa mer als Lëtzebuerger Land kompetitiv wëlle bleiwen an eis sozial Errungenschaften och an Zukunft verdeedege wëllen, dass mer eis da mussen all Dag nei erfannen, eis a Fro stellen an nees nei opstellen. Dofir brauch et och a grad e staarke Staat, well nëmmen ee Staat, deen eng finanziell Kapassitéit huet, déi als intakt bezeechent ka ginn, nëmme sou ee Staat kann déi wirtschaftlech, demographesch, sozial an ekologesch Entwécklunge begleeden, nëmmen sou ee Staat verfüügt iwwer déi Mëttel, déi de Liewensstandard vun de Leit héich hält. Dëst ass eng elementar Viraussetzung fir datt eist Land Perspektiven huet a sech seng Ekonomie entwéckele kann. Gesond Staatsfinanze sinn och noutwendeg fir datt mir als Land eisen Triple A behalen. Fir datt eis Wirtschaft sech weider entwéckelt, musse mer se weider diversifiéieren, een Exercice, deen eist Land scho länger an Ugrëff geholl huet, mä deen nach laang net ofgeschloss ass.

Diversifizéierung ass et Must

Diversifizéierung ass e Must wa mir de Standuert Lëtzebuerg attraktiv hale wëllen. „Et muss een sech e puer Branchen eraussichen an deenen ee wëll Excellenz an Knowhow opbauen an an deenen ee wëll kompetitiv sinn fir ee vun de wichtegen Acteuren an enger globaliséierter Welt ze sinn. Et erhéicht och d’Visibilitéit vun engem Standuert wann een sech op e Set vu Käraktivitéite beschränkt an an dës och konsequent innovéiert“, sou den André Bauler.

Digital Lëtzebuerg

Den André Bauler huet och drun erënnert datt de Kommunikatiouns- a Medieminister Xavier Bettel scho virun e puer Joer eng Strategie an d’Liewe geruff, déi de Prozess vun der Digitalisatioun strukturéiert begleet: d’Initiative Digital Lëtzebuerg! D’Zil vun dëser Initiative ass et fir d’Chance, déi eis déi nei Technologien offréieren, wouer ze huelen, sou datt jidderee vun eis dervunner profitéiere kann: mir als Bierger, mä och de Staat selwer an zu gudder Lescht och eis Entreprisen. „Andeems mir dee risege Potential, deen eis déi nei Technologie bidden, voll ausschäffelen, kënne mir op der Welt als ultra-connectéiert, modernt, dynamescht an innovatiivt Land wouer geholl ginn“,  sou den Nord-Deputéierten.

 

view video on chd.lu


Ried vum Joëlle Elvinger

 

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 


Joëlle Elvinger

André Bauler