Sie sind hier

Trotz Rekordinvestissementer a Steierreform: Bescht Budgetszuelen zënter Joren

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Iwwerschoss vun 364 Milliounen Euro beim Zentralstaat: Een zefriddene Finanzminister Pierre Gramegna huet den Deputéierten aus der Finanz- a Budgetskommissioun kënne gutt Zuele presentéieren.

De substantielle Plus beim Zentralstaat (ouni Gemengen a Sozialkeesen) ass fir de Ressortminister de Bewäis, datt d’Mesure vun der Regierung, fir d’Konten nees an d’Riicht ze kréien, e Succès sinn.

Trotz der Steierreform, déi de Stéit hir Kafkraaft an der Wirtschaft hir Investitiounsméiglechkeete verbessert huet, ginn d’Recette méi an d’Luucht, wéi een sech dat bei de Prognosen erwaart hat, nämlech em 5,7 Prozentpunkten. D’Ausgaben iwwerdeems sinn nees ënner Kontroll a gi 4,3% erof .

De PIB iwwerdeems profitéiert vun enger weltwäiter Wirtschaftscroissance. Zu Lëtzebuerg läit de Wuesstem den Ament bei iwwer 4%. Allerdéngs insistéiert de Pierre Gramegna dorobber, datt de Staat weider eng virsiichteg Budgetspolitik bedreiwe soll, fir déi positiv Entwécklung ze garantéieren.

An der Chamber ass iwwerdeems en neit Gesetz ugeholl ginn, dat d’Reegelen am Kampf géint d’Geldwäsch an d’Finanzéierung vum Terrorismus däitlech verschäerft. Op déi Manéier dréit d’Lëtzebuerger Finanzplaz, déi als groussen internationalen Acteur eng speziell Verantwortung huet, hiren Deel dozou bäi fir Terroristen, Mënschenhändler a Drogebossen de Krunn mat de Suen zouzedréinen, esou de Gesetzrapporter Eugène Berger.

A schliisslech huet den Internationale Währungsfong wéi all Joer seng Analys iwwer d'Finanzstabilitéit vu Lëtzebuerg virgestallt. Onst Land géif am Prinzip gutt do stoen. Et misst een awer d’Zukunft vum Rentesystem, d’Suitte vum Brexit an d’Entwécklung vum Logement zu Lëtzebuerg am A behalen. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet an deem Kontext betount, datt ee misst no vir kucken an analyséieren, wat een als Land nach kéint besser maachen.

 


Pierre Gramegna

Eugène Berger