Sie sind hier

Iwwer Klimawiessel, Steierreform an e Kapitän, deen d’Boot an der Riicht hält.

News Eugène Berger

Déi ambitiéis Ziler am Klimaschutz zu Lëtzebuerg wiere mat déifgräifenden, politeschen Decisioune verbonnen: „D’DP seet awer genee esou kloer, datt eng effikass Klimapolitik just ka mat de Mënsche gemaach ginn an net géint d’Mënschen. Dat heescht, datt ee virun allem muss Ureizer schafen, fir d'Léit mat op dee Wee ze huelen“, esou den Eugène Berger.  En éischt Beispill dofir wier de gratis ëffentlechen Transport. An der kommender Steierreform iwwerdeems, misste fiskal Ureizer fir weider sozial gerecht Ëmweltmesuren agebaut ginn.

Desweider misst  och de Fonctionnement vum ëffentlechen Transport verbessert ginn: Bussen an Zich misste propper an acceuillant sinn, mat Zäit ukommen a fortfueren… d’Informatiounspolitik an d’Sécherheet missten op der Héicht sinn. 

„Mir wëllen den Auto awer net verdäiwelen, well mer wëssen, datt vill Leit op hien ugewise sinn. Déi Mënsche wëlle mer net bestrofen, ma hinnen eng besser Offer mam Zuch a mam Bus ubidden“, huet den Eugène Berger weider ënnerstrach. Et kéim op de richteg Mix un. Ma och Initiative wéi den Télétravail z.B., kéinten hëllefen, fir de Stroosseverkéier ze entlaaschten a manner CO2-Emissiounen an d’Loft ze blosen.

Lëtzebuerg géing am Verglach – och mat den direkten Noperen – an der EU gutt do stoen:  „Niddrege Jugendchômage, e Mindestloun, dee rezent nach erhéicht ginn ass, en ofgeséchert Pensiounswiesen, héich Sozialleeschtungen, gesond Staatsfinanzen a villes méi.  Lëtzebuerg steet also gutt do, an dat soll esou virugoen. Fir d’DP steet dofir an Zukunft eng nach méi gerecht Sozialpolitik am Virdergrond“.

Dat gutt wirtschaftlecht Ëmfeld an déi gesond Staatsfinanze wieren also kee Selbstzweck, ma si géingen hëllefen, fir d’Investitiounen an d’Sozialleeschtungen héichzehalen.

Weider huet de Fraktiounschef betount, datt déi nei Steierreform eng absolut Prioritéit fir d’DP wier, déi eise System sollt duerch d’Individualiséierung moderniséieren a gläichzäiteg méi gerecht maachen. An Zukunft sollt een deemno onofhängeg vum Zivilstand – op bestuet, gepacst oder Jonggesell – d'selwecht besteiert ginn. Duerch eng eenheetlech Steierklass géing den nodréigleche Reklassement vun de Witfraen a -Männer dann och ewechfalen.

Grad esou kloer wier, datt bestuete Koppelen näischt sollen am Verglach mat haut verléieren. D’Experten aus dem Finanzministär wieren am Gaang, fir déi noutwenneg Adaptatiounen auszeschaffen.

Datt et Lëtzebuerg a senge Bierger och an Zukunft gutt geet, dofir géing d‘DP sech all Dag asetzen. „Dofir si mir frou, fir an dëse stiermeschen Zäiten e gudde Kapitän (eise Premier) u Bord ze hunn, deen d’Schëff esou manövréiert, datt mir am richtegen Ament déi néideg Loft an de Seegelen hunn, fir sécher am Zil unzekommen“, esou den Eugène Berger ofschléissend.

 


Eugène Berger