Sie sind hier

Wirtschaft a Kompétitivitéit

News Wirtschaft Joëlle Elvinger

An hirer Ried während den Debatten zum Etat de la Nation, huet d’Rapportrice vun der Steierreform, Joëlle Elvinger, nach eemol ënnerstrach wéi wichteg dës Steierreform fir d’Leit a fir d’Wirtschaft ass.

“D'Kafkraaft vun de klengen a mëttlere Stéit gëtt gestäerkt an déi Moyenen, déi fräi gesat ginn, fléissen zu engem gudden Deel an eis lokal Wirtschaft.”

D’Joëlle Elvinger begréisst et datt Regierung den Akzent an hirer Reform op déi kleng a mëttelstänneg Betriber geluecht huet . 

“Et sinn nämlech grad dës Betriber, déi oft schonn iwwer Generatiounen zum Wuelstand vun eisem Land bäidroen, a vill Aarbechtsplaze schafen”.

D‘Joëlle Elvinger huet awer nach eemol ënnerstrach datt DP ugetruede fir de Staatsbudget nees op déi richteg Schinnen ze bréngen an d‘Staatsschold ze stabiliséiere fir déi zukünfteg Generatiounen net ze belaaschten an hinnen Zukunftsperspektiven ze bidden.

“No 2,5 Joer kann ee scho bal soen: mission accomplie”.

Weider Informatiounen

Ried vum Joëlle Elvinger [méi...]

Joëlle Elvinger