Sie sind hier

Nohaltegkeet mat all senge Facetten

News Lag vun der Natioun Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Fir eng Agrikultur am Aklang mat der Natur

Fir d'alleréischt fält engem bei dësem Thema natierlech eis Landwirtschaft an. An deem Sënn huet de Süd-Deputéierten Gusty Graas de weiderhin héije Stellewäert vun eiser Agrikultur ënnerstrach, dat besonnesch wat déi beakert Fläch hei am Land ugeet. Déi sëlleche Wéngerten an Uebstbongerte sollt een an dësem Zesummenhang och net vergiessen. 2022 Bauerebetriber, dat sinn der zwar manner wéi an der Vergaangenheet, si bedeiten awer, dass mir wichteg Iesswuere lokal hierstelle kënnen.

Hien huet och drop verwisen, dass dat neit Agrargesetz speziell Primme fir Baueren virgesäit, déi Mesuren am Ëmweltschutz huelen. Besonnesch wichteg ass hei, dass Baueren elo ënnerstëtzt gi, wann se deelweis op de biologeschen Ubau ëmstellen. „Haut ass et fir eis Baueren a Wënzer selbstverständlech am Aklang mat der Natur ze schaffen, op konventionell oder Biolandwirtschaft“, esou de President vun der parlamentarescher Agrarkommissioun a senger Ried.

Proppert Waasser schützen

Och de Waasserschutz ass e Beräich dee ganz enk mat der Nohaltegkeet verbonnen ass. De Gusty Graas huet hei déi sëllechen Efforte vun der Regierung ervirgehuewen, dat besonnesch am Quelleschutz. Proppert Drënkwaasser geet eis all eppes un, an dofir ass et fir den Deputéierte vu Beetebuerg selbstverständlech, dass sensibel Plaze geschützt gi mussen. Awer och beim Thema Kläranlage muss een weider um Ball bleiwen, dat well verschidden Infrastrukture veraalt sinn an esou punktuell Adaptatiounen néideg sinn.

Investissementer an eis Mobilitéit

Am Kontext vun der Mobilitéit huet de Gusty Graas besonnesch zwee Projeten als luewenswäert Investissementer an eis Zukunft genannt: déi nei Zuchstreck tëscht der Stad a Beetebuerg an den Tram, 2 Chantieren, déi jo am Moment gutt weider kommen. Fir de Süddeputéierten muss de Staat an der Mobilitéit weider handelen, dat besonnesch well et eiser Wirtschaft erëm besser geet a weider Aarbechtsplaze geschafe ginn. Zum Ausbau vun der A3 op 3 Bunne sot den DP-Deputéierten, dass een drun denke kéint fir de Bussen, d'Taxi'en an den Autoe wou mindestens 2 Leit dra setzen ze prioriséieren, dat zum Beispill iwwert d'Standspuer.

Alternativ Energien notzen

Eng aner Thematik an dësem Beräich ass natierlech och d'Energie, hir Produktioun an hir Notzung. Et ass richteg, dass dës Regierung 800 weider Bornë fir elektronesch Auto'en installéiere wäert, an et ass och luewenswäert, dass d'Steierreform en Abattement fir d'Uschafe fir esou e Gefier agefouert huet. De Gusty Graas weist awer och drop hin, dass mer hei am Land nach vill weidert Potenzial an den alternativen Energien hunn, dat genotzt wëll ginn, esou zum Beispill waat Solarenergie ugeet.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas