Sie sind hier

Gusty Graas: „Verdammte Flicht fir eis z’engagéieren.“

News Außenpolitik Gusty Graas

D’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef wäert och an Zukunft noutwenneg sinn, esou den DP-Spriecher Gusty Graas, dës Woch bei der Chamberdebatt iwwert d’Cooperatioun, och wa sech hei an do géinge Korrekturen opdrängen.

Duerfir misste Projeten ëmmer erëm op hir Konsequenzen hannerfrot a kontrolléiert ginn. An engems misst awer an Zukunft nach méi Wäert op déi kulturell, politesch a sozial Ëmstänn a deene concernéierte Zillänner geluecht ginn.

„Pays cibles“ vun 9 op 7 zeréckgaangen

Déi direkt Entwécklungshëllef an den El Salvador an an de Vietnam ass gestoppt ginn. D’ONGen um Terrain ginn awer weider ënnerstëtzt an dat ass wichteg, huet de Gusty Graas ënnerstrach. Elo misst gekuckt gi, wéi eng nei Zillänner a Fro kéimen. An éischter Linn kéimen do Staaten aus Afrika a Fro. Den Ament hunn 93 Lëtzebuerger Associatiounen de Statut vun enger „Organisation non gouvernementale“. Si kréie ronn 16% vun den disponibele Fongen a géingen eng exemplaresch Aarbecht um Terrain maachen.

Entwécklungshëllef mat an d’Migratiounspolitik abezéien

D’Flüchtlingsproblematik wäert an de nächste Joer net méi kleng ginn, esou nach de Gusty Graas. Wann een d’Croissance vun der Bevëlkerung z.B. an Afrika kuckt, dat wiere sécher zousätzleche Moyenen néideg fir de Leit och eng wirtschaftlech Optioun ze ginn.

Entwécklungshëllef ass noutwenneg fir Fridden op der Welt

Ofschléissend huet de Gusty Graas insistéiert, datt déi héich industrialiséiert Länner – also och Lëtzebuerg – déi verdammte Flicht hätte fir sech weider an der Kooperatioun z’engagéieren. Wann net, da bräicht een sech net wonneren, wann enges Daags d’Retourkutsch kéim...

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas