Sie sind hier

Gréng Luucht fir de Pôle d’échange um Houwald

News Mobilität und Verkehr Claude Lamberty

Nodeems d’Bagger scho méi laang um Ban de Gasperich rullen, an an enger zweeter Etapp d’Konstruktioun vum Pôle d’échange Bouneweg gestëmmt gi war, stoung e Mëttwoch de Gesetzprojet vum Pôle d’échange Houwald um Ordre du jour vun der Chamber.

Mam Vott  sinn eng 130 Milliounen Euro fräigeschalt ginn, fir eng multimodal Gare ze bauen, an där d’Passagéier ganz kamoud op de Bus, Zuch, Tram oder Velo ëmklamme kënnen. Donieft gëtt och de P&R ëm 600 Plazen erweidert. D’Rue des Scillas gëtt zu engem Boulevard mat zweemol zwou Spueren ausgebaut.

Mat dësem Projet gëtt e weidert Puzzelstéck an engem gréissere Gesamtkonzept fir d’Mobilitéit am Süde vun der Stad ëmgesat.

Duerch déi eenzel Mesurë ginn d’Autoe verstäerkt aus der Stad, an de Verkéier aus de Wunnquartiere erausgehalen a bei dës periphär Strukture kanaliséiert. Besonnesch den Amenagement vun der Rue des Scillas mécht et méiglech, fir de Verkéier aus der Route de Thionville rauszekréien, wouduerch d’Liewensqualitéit zu Bounewege an um Houwald sech wäert däitlech verbesseren.

Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet dowéinst a senger Interventioun d’Wichtegkeet vum Projet fir d‘Entwécklung vum Süde vun der Stad an vun de Gemenge ronderëm ënnerstrach:

Et ass méi wéi just en neie Look par rapport zu haut, éischter eng komplett Neigestaltung mat engem neie Konzept.

D’Leit kréichen hei gutt an attraktiv Alternative fir an d’Stad eranzekommen. De Claude Lamberty huet awer och op en Element higewisen, dat a sengen An eent vun de wichtegsten ass:

Fir dass Hesper net total am Verkéier stoe bleift: Hesper brauch de Contournement, nëmmen dann ass dat, wat haut hei gestëmmt gëtt, och a senger Gesamtheet als Erfolleg ze gesinn.


Claude Lamberty