Sie sind hier

Immigratiounsgesetz – Upassung vum legislative Kader

News Außenpolitik Gusty Graas

Lëtzebuerg wier ouni seng Awanderungsgeschicht net dat modernt Land wat et haut ass. Dofir ass et wichteg, datt sech eis Gesetzer un déi nei Entwécklungen upassen, an dat net nëmmen am Interêt vun eiser Wirtschaft, mee och fir de Leit déi nämmlecht Rechter ze garantéieren.

An woubäi geet et haaptsächlech ëm d’Rechter vun de Saisonnieren, déi Leit déi fir eng begrenzten Zäit am Wäibau, an der Landwirtschaft oder am Tourismus eng ganz wichteg Aarbechtskraaft duerstellen. „Si solle an der nämmlechter Dignitéit, a mat de nämmlechte Rechter zu Lëtzebuerg schaffe kënne wéi all déi aner“, esou de Spriecher vun der DP, de Süd-Deputéierte Gusty Graas.

D’Chamber huet dës Woch och eng nei Zort Openthaltsgenehmegung gestëmmt  an zwar fir Persounen déi zu Lëtzebuerg investéieren. Domadder ass awer näischt Neies geschaaft ginn: och aner europäesch Länner wéi Frankräich, Griicheland asw. hunn ewell esou Visaen.

Och Studente sollen no hiere Studien zu Lëtzebuerg kënnen am Land bleiwen, well besonnesch qualifizéiert Leit an der Fuerschung gefrot sinn. A well familiär Aspekter hei eng immens wichteg Roll spillen, sinn d’Regelunge wat de Regroupement Familial betrëfft och iwwerschafft ginn.

E ganz anere Volet vun dësem Gesetzprojet war dee vum Centre de rétention; déi maximal Dauer, déi deboutéiert Familljen duerfen am Centre bleiwen, gëtt vu 72 Stonnen op 7 Deeg erop gesat. Déi Dauer soll et den Autoritéiten erlaben, sech op de Retour vun de Leit kenne virzebereeden. An dem Kontext, huet de Gusty Graas drun erënnert : „Bei de 7 Stonne muss et sech ëm een absolute Maximum handelen, wann all aner Méiglechkeeten ausgeschöpft sinn.

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas