Sie sind hier

Formation professionnelle: Eng Reform am Sënn vun de Schüler

News Bildung Mittelstand Claude Lamberty

Bis zur grousser Reform, déi dat nächst Joer soll ustoen, hu missen eng ganz Rei Adaptatioune gestëmmt ginn, déi et erlabe scho bei der nächster Rentrée verschidden Adaptatiounen am Interêt vun de Schüler anzeféieren. Op d’Lacunnen an der Beruffsausbildung huet misse reagéiert gi fir déi jonk Leit net widder eng Mauer lafen ze loossen, huet de Rapporteur vum Gesetz, de Claude Lamberty, betount.

D’Reform vun der Formation professionnelle aus dem Joer 2008 hat d’Zil, déi gesamt Bandbreet vun der Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg vu Grond op ze veränneren. Progressiv goufe säit 2010 120 Formatiounen an eise Schoulen nei organiséiert an agefouert.

Trotzdem bleiwen um Terrain eng ganz Rei Schwieregkeeten an Inkohärenzen. Dëse Constat huet och eng qualitativ Studie vun der Uni Lëtzebuerg am Joer 2015 gemaach, an dat haaptsächlech um Niveau vun der Organisatioun vun de Rattrapages-Modulen.

Geännert gëtt elo folgendes :

  • D’Ophiewe vun der Zäitfënster. D’Dauer vun der Beruffsausbildung ass méi streng wéi an allen anere Formatiounsrichtungen, déi an de Lycéeën ugebuede ginn, wou een nämlech theoretesch all Joer doubléiere kann. E Schüler aus der Beruffsausbildung, deen e Modul net gepackt huet, also deem 1 Modul no der Regelstudiendauer plus 1 Joer feelt, gëtt awer ecartéiert. Déi Ongerechtegkeet gëtt elo opgehuewen.
  • D’Projets Intégrés Intermédiaires fir Vollzäitklasse ginn ofgeschaf, well et sech an de Schoulgebaier als extrem schwiereg erausgestallt huet déi Projeten z’organiséieren, dëst souwuel um Niveau vun der Infrastruktur wéi och um Niveau vun der Manpower.
  • D’CCP (Certificat de capacité professionnelle) Formatioune gi revaloriséiert. D’Evaluatioun gëtt dofir adaptéiert an e Projet Intégré Final um Enn vun der Formatioun agefouert.
  • Ännerung um Niveau vun der Visite médical vun de Schüler. Well e jonke Mënsch, deen sech an eng Beruffsausbildung wëll umelle jo och muss apte si fir dat kënnen ze maachen, kritt de Schouldokter d’Aufgab fir bei de Visitten, déi all Schüler op 7e an 9e obligatoresch musse maachen, festzestellen ob keng Beanträchtegunge fir d’Schüler besti fir verschidde Beruffer kënnen auszeüben.
  • E leschte wichtege Punkt betrëfft d’Mise en place vun engem Service d’accompagnement bei der Validatioun vun der Beruffserfahrung. Säit 2008 kann een sech seng Experienz am Beruff zertifiéiere loossen. Et gouf allerdéngs festgestallt, datt ganz vill Schüler bei den administrativen Demarchen oft Problemer hunn.

 

 


Ried vum Claude Lamberty

 


Claude Lamberty