Sie sind hier

Steierreform: Elo gëtt geliwwert

News Finanzen Eugène Berger

„Vill Leit denken a schwätze vun esou enger Steierreform, mir setzen se ëm“, esou den Eugène Berger.

Der DP louch et besonnesch um Häerz, d’Stéit mat klengen a mëttleren Akomme steierlech z’entlaaschten an hinnen esou däitlech méi Kafkraaft ze ginn. D’Steierreform huet genau dëst Zil erreecht, a ka soumat vun der DP mat zwee Hänn ënnerschriwwe ginn, esou den Eugène Berger.

Ënnerstëtzung vun de Monoparentauxen

Den Eugène Berger huet a senger Ried och ënnerstrach, datt dës Steierreform deene ville Monoparentauxen hei zu Lëtzebuerg ze gutt kennt. Dëst geschitt ënner anerem duerch d’Upassung vum Crédit d’impôt pour monoparentaux an duerch de neie Barème vun der Steierklass 1a. Besonnesch d’Monoparentauxen hunn heiansdo Schwieregkeeten déi béid Enner um Enn vum Mount beieneen ze kréien. Fir deem entgéint ze wierken, gëtt ënner anerem den Crédit d’impôt pour monoparentaux fir Revenue tëscht 0 a 35.000€ vun 750 op 1.500€ verduebelt. „Dëst ass eng konkret Mesure, déi ville Familljen an Zukunft hëlleft besser iwwert d’Ronnen ze kommen“, esou de Fraktiounspresident.

Jonk Leit an der Rush-Hour entlaaschten

An der sougenannter Rush-Hour vum Liewen fält villes zesummen : Fouss faassen am Beruff, eventuell un Kanner denken a sech een éischt Eegenheem wëllen leeschten. D’Steierreform dréit deem Rechnung an entlaascht duerch geziilt Ofschréifméiglechkeete genau dës Stéit. D’Ofschréiwméiglechkeete fir e Bauspuervertrag fir Jonker ënner 40 Joer ginn dofir op 1.344€ verduebelt an den Abattement fir d’Scholdzënsen um Eegenheem gëtt och däitlech no uewen adaptéiert. Fir d’Dp setzt d’Steierreform domat déi richteg Akzenter a passt sech de Besoine vun de Leit un.

 

view video on chd.lu


Ried vum Eugène Berger

 

 


Eugène Berger