Sie sind hier

Ultra-séieren Internet à la 5G: Eng zukunftsweisend Technologie fir Lëtzebuerg

News Medien und ICT Eugène Berger

Den Dënschdeg stoung eng Aktualitéitsstonn zum 5G um Ordre du jour vun der Chamber. D’Deputéiert hunn iwwer d’Virdeeler an Opportunitéite vun der neier Technologie diskutéiert, ouni eventuell Risiken ausser Uecht ze loossen. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger huet op déi sëllechen nei Méiglechkeeten higewisen, déi sech dank 5G wäerte realiséiere loossen. Telemedezin a -chirurgie, smart Stied, intelligent Stroossen oder Internet of Things. Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller vun den techneschen Entwécklungen, déi deen ultra-séieren Internet wäert méiglech maachen.

De 5G kënnt op déi Manéier de Leit direkt zegutt an och fir d’Wirtschaft di sech vill nei Méiglechkeeten op. Fir Lëtzebuerg, dat sech als Virreider am Beräich vun den ICT positionéiere wëll, ass de 5G also e ganz wichtegt Element. Den Eugène Berger huet an deem Kader och d’Efforte vun der Regierung gelueft an huet op déi deementspriechend Strategie verwisen, déi d’läscht Joer virgestallt ginn ass an zënterhier konsequent ëmgesat gëtt.

Den Eugène Berger ass awer och op déi vermeintlech Gesondheetsrisiken agaangen, vun deenen ee vu Zäit zu Zäit héiert: 

„Ech wëll awer och kloer ënnersträichen, datt esou en Developpement net dierf op Käschten z.B. vun der Gesondheet vum Mënsch goen.“ 

D’Gerüchter, dass Vulle wéinst dem 5G vum Himmel gefall wieren, wieren mëttlerweil net méi haltbar. Mee et misst een d‘Froen a d‘Suergen iwwer eventuell gesondheetlech Auswierkungen eescht huelen, allerdéngs op eng rational a wëssenschaftlech fundéiert Aart a Weis, esou nach den Eugèner Berger.

 


Eugène Berger