Sie sind hier

„Wou bleift Är Entschëllegung, Här Spautz?“

News Bildung Gesellschaft Claude Lamberty

Nodeems de Marc Spautz Gerüchter an d'Welt gesat huet, de Kleesche géif net méi a verschidde Schoule goen, hat de Claude Lamberty beim Bildungsminister Claude Meisch nogefrot, wat un deene Behaaptungen dru wier.

De Minister Claude Meisch huet kloer geäntwert, datt glat a guer näischt un dëse Rumeuren drun wier a selbstverständlech weiderhi Kleeserchersdag an de Grondschoulen uechtert d'Land thematiséiert a gefeiert gëtt. Et ass awer esou, datt schonn am November 2015 zu Schëffleng d'Gerücht opkomm ass an och do hat d'Gemeng scho klipp a kloer op eng offiziell Ufro geäntwert, datt sech näischt un der Praxis fir Kleeserchersdag ze feieren, geännert huet.

Doriwwer eraus huet d'DP an engem Communiqué appelléiert, datt kee Kulturkampf ëm eis gesellschaftlech Wäerter däerf erop beschwuer ginn an datt och eng CSV besser hätt, opzehale gesellschaftlech Gruppe géinteneen auszespille fir perséinleche Profit dorausser ze zéien.

Weider Informatiounen

  • Pressecommuniqué: Das Spiel mit dem Feuer [méi...]
  • Parlamentaresch Fro vum Claude Lamberty mat der Äntwert vum Bildungsminister [méi...]

 


Claude Lamberty