Sie sind hier

Budget 2017: Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit

News Finanzen Joëlle Elvinger Eugène Berger Pierre Gramegna

De Moien huet de Finanzminister de Budget fir 2017 deponéiert, e Budget dee fir Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit steet. Nodeems hien op den internationale Kontext agaangen ass, huet de Pierre Gramegna unhand vun Zuelen déi gesond Lag vun de Staatsfinanze beluecht. Hien huet awer och déi ganz héich Investissementer fir d'Zukunft vum Land ugeschwat, sief dat bei den ëffentlechen Infrastrukturen, am Logement, an der Fuerschung oder am Enseignement.

De President vun der Finanz- a Budgetskommissioun Eugène Berger huet d'Dokument op engem Bic iwwerreecht kritt, esou dass d'Aarbechten elo an der Chamber ufänke kënnen. Hien weist sech zefridde mat dem Finanzminister sengen Accenter: "Mir kruten haut eng nohalteg Finanzpolitik virgestallt, déi ganz kloer an d'Richtung vun engem qualitativ héichwäertege Wuesstem geet. Dëse Budget setzt domadder d’Weiche fir eng solidaresch Gesellschaft an eng kompetitiv Wirtschaft."

D'Rapportrice vun der Steierreform Joëlle Elvinger ass frou, dass och dëse Projet op de Schinne steet: "Dës Steierreform wäert d'Kafkraaft vun de Leit am Land stäerken, dat besonnesch wat d'Mëttelschichten uginn. Awer och Betriber wäerten doduerch weider kompetitiv bleiwen. Dobäi stellt d’Steierreform weder de „AAA“, nach eist Ziel, d’Staatsfinanzen ze sanéieren a Fro.

 

view video on chd.lu


Ried vum Finanzminister Pierre Gramegna

 

Budgetsried vum Finanzminister Pierre Gramegna PDF) [méi...]

Weider Detailer [méi...


Pierre Gramegna

Eugène Berger

Joëlle Elvinger