Sie sind hier

Afferambulanz - Nei Ulafstell fir Affer vu Gewaltverbriechen

News Gesundheit und Pflege Justiz und Sicherheit Edy Mertens

E Mëttwoch huet d’Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem déi sougenannten „Afferambulanz“ an d’Liewe geruff gëtt. Et handelt sech dobäi ëm e Service, deen d’Opklärung vu Gewaltverbrieche méi efficace mëscht andeems et fir d’Affer méi einfach gëtt hir Blessuren dokumentéieren ze loossen.

Den DP-Deputéierten Edy Mertens huet als Dokter scho vill Affer vu Gewaltverbrieche gesinn. „Virun allem Fraen, déi Affer vun häuslecher Gewalt gi sinn, doen sech oft schwéier dermat den Täter bei der Police ze mellen, aus Angscht virun nach méi Gewalt oder well si mengen, et géif besser ginn. Meeschtens gëtt et awer net besser. A wann d’Affer schliisslech awer eng Plainte areecht, sinn d’Trace vun den éischte Gewaltakten oft net méi dokumentéiert, sou datt dës Strofdote viru Geriicht net méi kënne sanktionéiert ginn“, erkläert den Edy Mertens.

Déi nei Afferambulanz soll dëse Problem behiewen, andeems eng gratis Ulafstell fir Affer geschaaft gëtt. Domadder kënnen d’Geriichtsmedeziner op e legale Kader zréckgräife fir d’Blessuren vun engem Affer ze dokumentéieren, ouni datt am Virfeld eng Plainte muss agereecht ginn. „De Schutz vun dëse ganz sensibelen Daten ass fir eis eng absolut Prioritéit. Dofir huet d’DP och an der zoustänneger Kommissioun gutt geheescht, datt verschidde Propositioune vun der Dateschutzkommissioun am finale Text berécksichtegt goufen“, betount den Edy Mertens.

 


Edy Mertens