Sie sind hier
„Liewen a Gesellschaft“ ersetzt de Reliouns- a Moralscours an de Lycéeën!
Vun der Rentrée un wäert dat neit Fach „Liewen a Gesellschaft“ an de Lycéeën agefouert ginn. An der Chamber sot de Rapporter Lex Delles datt et dorëmmer geet „Schüler dozou unzereegen, unhand vun engem gemeinsame Wäerterunterrecht, sech selwer Froen iwwer d’Liewen ze stellen.“
E gëtt scho laang diskutéiert, en Donneschden ass en awer endlech gestëmmt ginn: de neie Wäerteunterrecht fir de Secondaire. De Regierungsprogramm vun 2013 hat dëse Cours virgesinn a säit 2014 gëtt an enger enker Collaboratioun mat allen Acteuren zesummegeschafft. „Et geet em déi nächst Generatioun, em hiren Ëmgang mat Wäerter, mat der Pluralitéit an mat der Toleranz. Dat sech heibäi verschidde Meenunge manifestéieren ass an enger oppener Demokratie normal“, hat den Educatioun Minister Claude Meisch am Virfeld ëfters widderholl.
De Rapporteur vum Gesetzprojet, den Ost-Deputéierte Lex Delles ass niewent der partizipativer Prozedur beim Ausschaffe vum Cours och op den Inhalt agaangen an huet ënnerstracht : „Et sief awer direkt bemierkt datt et sech dobäi net em eng einfach Vermëschung vun deenen zwee Coursen handelt. Am Contraire, et geet nämlech virun allem drëm d’Schüler dozou unzereegen, unhand vun engem gemeinsame Wäerterunterrecht, sech selwer Froen iwwer d’Liewen ze stellen.“
Lëtzebuerg ass eng multikulturell Gesellschaft mat ganz ville verschiddene Kulturen, Traditiounen a Glawensgemeinschaften. „Et ass dofir wichteg dat d’Schoul sech mat de Froe vum gesellschaftlechen Zesummeliewen an Zesummenhalen auserneen ze setzt. D’Gesellschaft ass haut ebe vill méi multikulturell, vill méi international, vill méi mulitethnesch a multirelieis wei am leschte Joerhonnert. An dorop gëtt reagéiert.’’ huet den Deputéierte Claude Lamberty betount. „D‘Demokratesch Partei steet zu honnert Prozent hannert der Iddi vum eenheetleche Wäerteunterrecht an eise Schoulen. Mir sinn der Meenung, dass eise Schoulsystem soll integrativ wierken an d‘Kanner net opgrond vun hirem kulturellen oder reliéisen Hannergrond an de Klassen trennen.“
Fir weider Infoen [méi...]