Sie sind hier

So mir wéi eng Sproch s du schwätz an ech soen der wien s du bass…?

News Tribune libre Bildung Estelle Malane

Deslescht an engem Akafszenter zu Lëtzebuerg: eng Persoun freet mech ob ech hir hëllefe kéint; si wéisst net ob se dat richtegt akaf hätt well si kee franséisch kéint. Nodeems ech hir gehollef hat, si mir 2 Gedanke komm:

  1. Jo, et gi Leit hei am Land, déi mat Franséisch net eens ginn!

an

  1. Schued, datt eis Sprooch esou wéineg present an de Geschäfter ass.

Dës einfach Anekdot aus dem Alldag resuméiert – denken ech – déi schwiereg Sproochesituatioun hei am Land déi duerch 2 Petitiounen an der lescht fir vill Diskussioune suergt. Dobäi geet et net ëm entweder/oder, wéi wann keng Plaz fir puer Sprooche wier. Et geet ëm en Matenee vu ville Sproochen a Kulturen, wou een dem aneren entgéintkënnt.

Mee d’franséisch Sprooch huet et och net einfach: veréiert vun deenen engen, gehaasst vun deenen aneren. Et ass awer kaum der Sprooch hir Schold, mee eng Fro vun eiser Astellung. Wa mir Lëtzebuergesch-sproocheg eis iwwer d’Franséisch opreegen, da kommen all eis Ängscht a schlecht Erfahrungen héich: Datzen am Lycée, d’Angscht eppes Falsches ze soen oder net verstanen ze ginn.

Tatsaach ass awer: dat ass den Alldag vun all Schüler an all Sprooch déi net seng Mammesprooch ass. An do ass en Ëmdenke gefrot an eise Käpp. Et ass nämlech ok Fehler an enger Sprooch ze maachen, well et ass esou wéi ee bäiléiert. Haaptsaach et versicht een d’Sprooch ze schwätzen.

“Dat ännert awer näischt drun datt Lëtzebuergesch ze kuerz kënnt!”, seet elo den een oder aneren... wierklech? Meng Generatioun, Joergang 1981, hat zum Beispill net d’Chance Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze léieren.

Hautdesdaags huet sech dat verännert. Lëtzebuergesch ass vill méi präsent an eiser Gesellschaft. Schüler a vill Erwuessener déi an eist Land kommen, léiere Lëtzebuergesch. Betriber organiséiere Lëtzebuergesch-Coursë fir hir Salariéen. Duerch d’sozial Medien a SMSen gëtt d'Sprooch méi gebraucht wéi virdrun. D’Regierung geet lo nach e Schrëtt weider: mat dem Aféiere vun Optiounscoursen am Lëtzebuergeschen an de Lycéeën a mat der multilingualer Fréifërderung.

Duerch déi Initiative vun der Regierung fir lëtzebuergesch-sproochegt Personal an de Crèchen obligatoresch ze maachen an de Kanner ze erlabe vu Klengem un spilleresch d’franséisch Sprooch kenneléieren, gëtt Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch gestäerkt an en natierlechen Ëmgang mam Franséischen encouragéiert. Eise Kanner hir Chance - well et ass eng Chance - ville Sproochen am Laf vum Alldag ausgesat ze sinn, ass am Interessi vun all de Schüler déi esou d’Méiglechkeet hunn, méi spéit an der Schoul oder professionell, ob hei oder am Ausland, domat ze punkten an hire Beruff kënnen auszeüben.

Mir kënnen houfreg dorop sinn datt mir zesumme schaffen a liewen, an datt Respekt, Integratioun an Toleranz an eiser Gesellschaft an an eisem Schoulsystem keng eidel Wierder sinn, mee e kloert Ziel wat mir weiderhi verfollegen.

 


Estelle Malane

AnhangGröße
Audio Icon 20161205_tribune_libre_emalane.mp35.47 MB