Sie sind hier

Schrëttweis Reouverture vun de Schoulen

News Ausnahmezustand Bildung Claude Meisch

Op senger Pressekonferenz vum 16. Abrëll huet de Bildungsminister Claude Meisch d’Exit-Strategie fir de Lëtzebuerger Schoulsystem wärend der Corona-Kris virgestallt.

Déi Strategie erlaabt et dem MENJE, fir de schwieregen Equiliber tëscht dem Schutz vun der Gesondheet vun den Enseignanten a Schüler engersäits an tëscht de fundamentale Missioune vun der Schoul anerersäits ze garantéieren –  also d’Zukunftschancë fir d‘Kanner a fir déi Jonk.

Reprise an 3 Etappen

D’Reouverture vun der Schoul wäert an 3 Etappe geschéien.

D’Schüler vun den Ofschlossklasse ginn vum 4. Mee un erëm an hir Lycéeën. Deen Ament kënnen nach Froen zu den Exame behandelt ginn, déi wéi geplangt de 25. Mee ufänken. De Ressortminister kënnt domadder dem Wonsch vu villen Enseignanten no, fir hir Schüler nach virum Examen ze gesinn.

An enger 2. Etapp geet de Lycée dann den 11. Mee nees fir all déi aner Klassen un. Deen Ament gëtt och erëm individuelle Museksunterrecht gehalen; déi kollektiv Course gi bis op Weideres net ugebueden.

Déi lescht Etapp vum 25. Mee betrëfft d’Reprise vum Fondamental, vun de Crèchen a vun de Maisons Relaisen.

Opsplécke vun de Klassen

D’Klassen am Fondamental an an de Lycéeë ginn an zwou Gruppen opgedeelt. Doduerch reduzéiert sech d’Zuel vun de präsente Schüler ëm d’Hallschent. Déi eng Woch gi just d’Schüler vum Grupp A an d’Schoul, déi Woch dono nëmmen d’Schüler vum Grupp B. All zweet Woch bleiwen d’Kanner also doheem a maachen Homeschooling, mat Ënnerstëtzung duerch d‘Online-Plattform „Schouldoheem.lu“.

Dee System gëtt bis d‘Enn vum Schouljoer bäibehalen.

Fräiwëlleg Coronavirus-Tester

D’Schüler an d’Enseignante vun den Ofschlossklasse kënne sech vun elo u fräiwëlleg op de Coronavirus teste loossen. D’Regierung erhofft sech heimadder wichteg Donnéeën iwwert d’Verbreedung vun der Krankheet, déi bei den Entscheedungen iwwert d’Schoul-Rentréeën hëllefe sollen.

Soss wichteg Mesuren an der Schoul

  • Vulnerabel Enseignanten a Schüler sollen doheem bleiwen a kënnen iwwer Livestream zougeschalt ginn;
  • De Mondschutz ass obligatoresch am Schülertransport, ma fakultativ am Klassesall. All Kand kritt bei der Rentrée 2 gratis Buffe vum Ministère;
  • D’Reegele vun der Distanz a vun der Hygiène bleiwe bestoen;
  • D‘Zirkulatiounspläng ginn un d‘Schoulgebaier ugepasst;
  • An de Klassesäll gëtt Desinfizéiermëttel opgehaangen;
  • De Sportunterrecht fält aus;
  • D’Kantinne bleiwen zou.

D’Enseignanten, d’Schüler an d’Elteren hunn déi lescht 5 Wochen enorm Efforte geleescht, andeems si dofir gesuergt hunn, datt den Unterrecht nawell konnt virugoen. Trotzdeem kann „Schoul Doheem“ de reellen Unterrecht net ersetzen!

D’DP begréisst dofir de Wëlle vum Ministère, fir d’Reprise vun der Schoul nees schrëttweis anzeleeden.


➡️  Méi Informatioune heizou op https://www.schouldoheem.lu

➡️  Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Claude Meisch