Sie sind hier

Agrargesetz

News Landwirtschaft und Weinbau Edy Mertens Gusty Graas

No konstruktiven Aarbechte vun der Säit vum Landwirtschaftsministère a vun der respektiver Chamberskommissioun ass dat neit Gesetz fir d'Bauere gestëmmt ginn.

De Rapporteur Gusty Graas: Erklärunge vun de Mesuren 

De Rapporteur vum Gesetzesprojet, de Gusty Graas, weist sech zefridden, well hei en zolitte Kader geschaaft gëtt deen et eise landwirtschaftleche Betriber och an Zukunft erlabe wäert qualitativ héichwäerteg Produit'en schafe kënnen.

Dëst Gesetz ass konform zur gemeinsamer europäescher Politik a fuerdert eng multifonktionnell, nohalteg a wettbewerbsfäheg Landwirtschaft. Eng modern Landwirtschaft muss am Aklang mam Ëmweltschutz a mat de klimatesche Bedingunge stoen, esou de Gusty Graas a sengem mëndleche Rapport. E besonneschen Accent gëtt am neien Agrargesetz op d'Jongbauere geluecht. Weider ginn awer och Moossnahmen ënnerstëtzt déi am Interessi vun der gesamter ländlecher Entwécklung stinn. De kulturellen a natierleche Räichtum vun eisem ländleche Raum muss erhale bleiwe beziehungsweis nach verbessert ginn. Ausserdeem gouf festgehalen, dass finanziell Aiden am Fall vu Risiken, vun Ëmweltschied, vun Déirekrankheeten, vu schiedlechen Organismen oder bei der Zuucht ausgestallt ginn. Awer dëst Gesetz gesäit och eng Rei steierlech Virdeeler vir, déi de Baueren a Wënzer zegutt komme wäerten. En weideren Aspekt deen net vernoléissegt gëtt ass d'Innovatioun an d'Fuerschung, well nëmmen esou kann eis Landwirtschaft nohalteg schaffen.

Gusty Graas

 

Den Deputéierten Edy Mertens: e Gesetz wat besser ass, wéi verschidde Leit dat gleewe wëllen 

Den Nord-Deputéierten Edy Mertens huet verschidde Mëssverständnesser an dësem Kontext aus der Welt geraumt.

  • Et ass net richteg ze soen, dass de Staat eis Baueren a Wënzer net ënnerstëtze géifen. „Et gi knapp ënner 400 Milliounen zur Verfügung gestallt fir eis Landwirtschaft bis 2020 ze ënnerstëtzen. Keen anert Land ënnerstëtzt seng Landwirtschaft sou vill wéi Lëtzebuerg!“.
  • Dëst Gesetz reglementéiert net wéi d’Bauere sollen hire Beruff ausüben. Dëst Gesetz setzt just Incentiver! Dat heescht d’Politik stellt fir verschidde Praxissen Hëllefe bereet, déi si fir richteg hält, richteg fir Entwécklung vun de lëtzebuerger Familljebetriber, richteg fir d’Präservatioun vun der Ëmwelt an eisem Landschaftsbild a richteg fir de soziale Charakter vun eise ländleche Géigenden.
  • Planungsécherheet ass immens wichteg fir eis Baueren. Dofir ass et ze begréissen, dass an dësem Gesetz kee Schlussdatum steet!  Dat heescht, datt et net 2020 ausleeft! Dat heescht, datt mer net mussen 2021 erëm à la va-vite Iwwergangsgesetzer stëmmen, fir engem Vide juridique Rechnung ze droen.

Edy Mertens

 

De Landwirtschftsminister Fernand Etgen: Eng Landwirtschaft fir qualitativ héichwäerteg Produiten

De Landwirtschaftminister Fernand Etgen ënnersträicht wéi wichteg net nëmmen innovativ Methode sinn, mä och wéi zentral d'Promotioun vun de lëtzebuerger Produit'en ass. Si sollen an eise Cantinnen, Maison Relais'en, Schoulen, Kliniken an Altersheemer d'Regel an net d'Ausnahm sinn. De Ministère schafft an dësem Sënn un engem Cahier de Charge.

Et gëllt awer och de Leit de Beruff vum Bauer a vum Wënzer méi no ze bréngen. „Dat ass wichteg fir eis Baueren, déi all Dag haart schaffe fir eis genuch Liewensmëttel ze produzéieren! Déi Leit, déi haut nach Bauer sinn, maachen dat als Iwwerzeegung, als Passioun.“ D’Leit solle wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg exemplaresch gefouert Betriber hunn.

Eis Landwirtschaft ass méi wéi déi 0,3% vum PIB um Pabeier, se ass méi wéi déi 2000 Betriber déi mer nach hunn. Si ass net nëmmen e Stéck Lëtzebuerg, mä si garantéiert eis, datt mir och nach an Zukunft qualitativ héichwäerteg Produit'en bei eis um Teller fanne kënnen.

Fernand Etgen

 

Weider Informatiounen

  • Ried vum Rapporter Gusty Graas [méi...]
  • Ried vum DP Deputéierten Edy Mertens [méi...]
  • Ried vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen [méi...]