Sie sind hier

Eng modern Familljepolitik: fir d'Kanner a fir d'Elteren!

News Familie Corinne Cahen

D’Familljeministesch Corinne Cahen ass frou iwwer de Succès vum reforméierte Congé parentel, wéi e grousse Sondage bei den Elteren elo gewisen huet: Et huet sech gelount an ech si frou, dass elo bal grad esouvill Pappe méi Zäit mat hire Kanner kënne verbréngen ewéi Mammen. Virdru waren et 3/4 vun de Mammen an 1/4 vun de Pappen.

Elo kënne vill méi Eltere vum Congé parental profitéieren, well e vill méi flexibel ass a besser remuneréiert. D'Elteren, déi de Congé parental geholl hunn, confirméieren, dass di Reform wichteg a richteg war, an dass si méi wéi zefridde si mat där moderner Familljepolitik.

Dëst ass awer nëmmen den Ufank: Ech wëll, dass d'Elteren (dh d'Mammen AN d'Pappen) och nom Congé parental méi Zäit kenne mat hire Kanner verbréngen, ouni hier Aarbecht mussen opzeginn. Domat schreiwe mer d'Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra grouss.

Dat ass gutt fir d'Kanner, fir d'Bindung tëschent den Elteren an de Kanner an och fir d'Koppel.

 


Corinne Cahen