Sie sind hier

Verbesserunge beim Wunngeld

News Gesellschaft Max Hahn

Bei Wunngeld geet et drëm e Rettungsanker fir déi Leit e geheien, déi de Moment zu Lëtzebuerg lounen a serieux Problemer hunn fir sech iwwer Waasser ze halen. Et sinn nämlech grad Leit mat klengen a mëttlere Revenuen, déi et sech net leeschte kënnen en Haus oder eng Wunneng zu Lëtzebuerg ze kafen a soumat op de Marché locatif ugewise sinn“, esou de Max Hahn an der Chamber, dee Rapporteur vun dësem Gesetz ass.

Am Joer 2015 ass dofir eng „subvention loyer“, dat sougenannte Wunngeld agefouert ginn. AM Joer 2016 waren eng ronn 18.600 Menagë viséiert, déi vum Wunngeld profitéiere kéinten. Bis den 1. Juli 2017 hunn awer just 2.005 Menagen och wierklech vun dëser Mesure profitéiert. D’Regierung a Persoun vum Logementsminister Marc Hansen huet dofir eng Rei Verbesserungen ugekënnegt, fir datt d’Wunngeld och wierklech deen Impakt op de Wunnmarché huet, deen een sech erhofft huet.

Dës Verbesserunge goufen elo an der Chamber gutt geheescht:

  • An Zukunft muss de Loyer just nach 25% am Plaz vu 33% vum Revenu ausmaache fir vum Wunngeld profitéieren ze kënnen.
  • Sozial Transferten (zum Beispill d’Kannergeld oder d’allocation de vie chère) ginn net méi bei de Revenu derbäi gerechent.
  • De Seuil de revenu faible gëtt däitlech an d’Luucht gesat a läit an Zukunft bei 2.500 Euro am Plaz vun 1.874 am Joer 2017. Dëse Montant geet mat der Unzuel vun de Kanner am Menage an d’Luucht.
  • An Zukunft muss een net méi 6 Méint reguläre Revenu noweise kënnen, mä just nach 3 Méint.

Dës Mesurë wäerten dozou feieren, datt ronn zwee Drëttel vun de Locatairen zu Lëtzebuerg vum Wunngeld profitéiere kënnen. De Max Hahn stellt a senger Ried fest: „Aktuell gëtt an der politescher Aktualitéit iwwert de Mindestloun geschwat. Dëst Gesetz suergt derfir, datt an Zukunft all Resident, egal op mat qualifizéiertem oder net qualifizéierte Mindestloun eng konkret Hëllef do ugebuede kritt, wou et wierklech néideg ass, nämlech um Lëtzebuerger Wunnmarché.

 

Ried vum Rapporter Max Hahn

 


Max Hahn