Sie sind hier

Neit Gesetz fir ëffentlech Ausschreiwungen

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

D’Deputéiert hunn den Donneschden gréng Luucht gi fir dat neit Gesetz zu de Marchés publics. Domadder ginn d‘ Reegelen, déi d’Ausschreiwen a Verdeele vun ëffentlechen Opträg encadréieren, nei definéiert.

Well déi ëffentlech Marchéen engersäits relativ grouss Dimensiounen hunn – dem Staat seng Investitiounen a Chantiere gi jo séier déck an d’Milliounen –, an anerersäits och wichteg Signaler un d’Marchéen insgesamt kënne schécken a Standarde setzen, stellen se effektiv e wichtegt Instrument duer, fir strategesch Politik ze maachen a Saachen Ëmwelt, soziale Schutz an technesch Innovatioun. Aus deem Grond gi mat dem neie Gesetz an deenen Domänen nei Akzenter gesat.

Fir unzefänken ass virgesi méi e grousse Wäert op Qualitéit ze leeën. Sou soll net nëmmen de Präis eng Roll spillen, wa Kontrakter vergi ginn. Den Ausschreiwer kann dowéinst verschidde Labelen, Zertifikater an aner Beweiser froen, fir sécher ze sinn, dass d’Uspréch erfëllt ginn an en e bessert Präis-Präisleeschtungsverhältnis kritt.

E weideren Aspekt betrëfft de sozialen an ekologeschen Dumping. Fir ze verhënneren, dass Firme kënnen en aussergewéinlech niddrege Präis ubidden, well se déi sozial an ekologesch Normen net respektéieren, ginn déi aktuell Dispositioune weider verschäerft. Donieft suergen nei Reegele fir méi Transparenz bei der Sous-traitance, d.h. wa Kontrakter vun engem Betrib un en anere soustraitéiert ginn, muss och dee Betrib sech un déi relevant Normen halen, an deen, deen de Kontrakt vergëtt, kann dat och iwwerpréiwen.

Drëttens gëtt den Accès fir kleng a mëttelstänneg Betriber vereinfacht. Bei grousse Projeten ass et sécher méi einfach grouss Kontrakter, déi vill Aspekter vum Chantier ëmfaassen, ze verginn, mee meeschtens sinn et da just déi grouss Boîtten, déi do mathale kënnen. Dofir ass virgesinn, amplaz méi a méi kleng Kontrakter ze verginn, a sou och méi PMEen eng Chance ze ginn. De Joresëmsaz vun der Firma muss och nach just dat duebelt vum Kontrakt sinn, fir och hei ze verhënneren, dass d’PMEe vun der Ausschreiwung ausgeschloss ginn.

En anert Zil vun den neie Reegelen am Gesetz ass d’Fërderung vun der Innovatioun. Sou kann ënnert anerem d’Prozedur „Partenariat pour l’innovation“ agesat ginn, fir engem Betrib d’Léisung vun engem bestëmmte Problem unzevertrauen an un d’Besoine vum Client unzepassen. Dës Approche erlaabt et effektiv, net nëmmen d’Recherche an Entwécklung mat der Kommerzialiséierung vun de Resultater ze verbannen, mee och dem Client héich innovativ Léisungen unzebidden.

Schlussendlech vereinfacht dat neit Gesetz och d’Prozeduren vun engem Marché public, schaaft méi Flexibilitéit a geet konsequent géint Korruptioun a Favoritismus vir.

Den DP-Deputéierten Gusty Graas sot a senger Interventioun:

Et däerf een net vergiessen, datt virun allem Kléng- a Mëttelbetriber ee wesentlech Réckgrat vun eiser Ekonomie sinn. Enn 2016 hunn zum Beispill 84.363 Leit am Handwierk hei zu Lëtzebuerg geschafft, dovun iwwregens nëmmen 12.032 Lëtzebuerger. Dofir begréisse mir als DP och, datt duerch dëst Gesetz virun allem de PME méi Méiglechkeete gebuede ginn, fir méi an de Genoss vu Marchés publics ze kommen.

 

Ried vum Deputéierten Gusty Graas

 


Gusty Graas