Sie sind hier

Agrarkommissioun kënnt de Baueren entgéint

News Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Nodeems gëschter nach eng Kéier d’Landwirtschaftskammer empfaange gouf, huet d’Agrarkommissioun haut de Mëtte verschidden Amendementer gestëmmt, déi de Baueren entgéint kommen. De President vun der Kommissioun Gusty Graas: „Ech si frou, datt mir dës Ännerungen sou séier an der Kommissioun stëmme konnten. Mir droen net nëmmen dem Avis vum Staatsrot Rechnung, mä sinn och op verschidde Fuerderunge vum Secteur agaangen“. De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ergänzt: „Et ass wichteg, dass d’Baueren, d’Wënzer a Gäertner sou séier wéi méiglech Planungssécherjeet kréien. Soubal den zweeten Avis vum Staatsrot do ass, kann de Projet an der Chamber gestëmmt ginn“.

Folgend Ännerunge gouf virgeholl:

  • De Minimum un Invest fir kënne vun engem Subsiden ze profitéiere gëtt op 5.000€ bei Maschinnen an 15.000€ bei Gebailechkeeten an Installatiounen erofgesat.
  • En Zertifikat vun enger Bank gëtt nëmme méi nach gefrot wann d’Investitioun iwwer 150.000 € läit.
  • D’Wunnhaiser ginn och elo beim Remboursement vun den Enregistrementstaxe berücksichtegt.
  • De Plafong fir d’Transformatiounsbetriber gëtt op 15.000.000 € erop gesat.

An den Ausféierungsreglementer gouf dann nach folgendes verbessert:

  • Bei de Critères de sélection geet elo e Minimum vun engem Punkt duer fir eligibel ze sinn. Sou hunn och kleng Projeten eng Chance op Subventionéierung
  • En Aussiedlerhaff gëllt elo als ganze Projet
  • D’Lëscht vun de Maschinnen, déi subventionéiert kënne ginn gëtt ëm folgend Maschinnen erweidert: Hoftrakter, Wéngertstrakter, Präzisiounsdüngestreuer a Grénglandsatmaschinnen

Gusty Graas