Sie sind hier

Lëtzebuergesch schreiwen, weess de wéi?

News Zu Gast im Land Bildung Claude Lamberty Lex Delles

D’Lëtzebuerger Sprooch ass voll am Trend. Enger rezenter Etude vum Statec no, schwätze ronn 70,5% vun de Residenten regelméisseg Lëtzebuergesch. Och den allgemengen Interessi un eiser Sprooch wiisst. Dat beweisen déi vill Aschreiwungen a Lëtzebuergesch Sproochecourse an déi vill Debaten, déi an der leschter Zäit iwwert a ronderëm eis Sprooch gefouert goufen.

Virun allem huet d’Schoul awer, duerch hir wichteg Integratiounsaarbecht, dozou bäigedroen, datt Lëtzebuergesch haut méi geschwat gëtt wéi jee virdrun. All Kand, wat hei am Land eng staatlech Schoul duerchleeft, schwätzt gewéinlech Lëtzebuergesch. Dat wäert iwwregens vum Oktober 2017 un och fir Crèchen de Fall sinn.

Dann trëtt nämlech déi nei gratis multilingual Fréifërderung a Kraaft. Kanner tëscht engem a véier Joer fält et besonnesch liicht nei Sproochen ze léieren. Dofir ass et nëmme richteg fir si esou fréi wéi méiglech mam Lëtzebuergeschen a Franséischen a Kontakt kommen ze loossen. Si sollen op eng spilleresch a kannnergerecht Aart a Weis un déi zwou Sproochen erugeféiert ginn, an esou en Ouer fir d’Sproochen entwéckelen. D’Freed an d’Loscht sollen heibäi am Virdergrond stoen. Lëtzebuergesch kënnt also och a Crèchen, wou bis ewell nëmme Franséisch geschwat gouf. Dëst kënnt besonnesch de Kanner mat Migratiounshannergrond zegutt. Déi Lëtzebuerger Sprooch ass a bleift domat Haaptintegratiounssprooch hei am Land.

Duerch déi nei Technologië gëtt Lëtzebuergesch mëttlerweil och ëmmer méi geschriwwen. Et gëtt an E-Mailen, SMSen, Forumen a Bréiwer benotzt fir mateneen ze kommunizéieren a sech auszedrécken. Zanterhier gouf och de Wonsch ëmmer méi grouss fir richtegt a korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet doropshin ugekënnegt, datt all Schüler am Secondaire d’Méiglechkeet kréie soll, sech an een Optiounscours am Lëtzebuergeschen anschreiwen ze kënnen.

Do dernieft huet den Educatiounsministère dës Woch och eng Ëffentlechkeetscampagne iwwert d'Lëtzebuerger Orthographie lancéiert. Zil ass et, engem breede Public Loscht op d'Lëtzebuerger Rechtschreiwung ze maachen an de Leit op eng locker an innovativ Aart a Weis d’Lëtzebuerger Orthografie méi no ze bréngen. Vun der Eifeler Reegel bis zu den Diphthongen, fënnt een op der Internetsäit www.schreiwen.lu, nieft enger Rëtsch flotte Videoclippen, déi verschidden Orthographie-Regele vun der Lëtzebuerger Schreifweis. Unhand vu konkrete Beispiller soll op déi verschidde Schwieregkeeten opmierksam gemaach ginn.

Fir dat Ganzt esou authentesch wéi méiglech ze halen, gouf op Säite vum Educatiounsministère grousse Wäert drop geluecht, datt bekannt Lëtzebuerger Zitater aus Film, Musek, a Literatur sollen als Beispiller déngen. Den Ausschnëtt „An elo séier d’Keess op an d’Klacken eraus“ aus dem Andy Bausch sengem „Troublemaker“ soll zum Beispill d’Regel vum laangen „e“ verdäitlechen.

Iwwregens denkt d’Regierung jo och driwwer no, op europäeschem Niveau, der Lëtzebuerger Sprooch ee gréissere Stellewäert ze ginn. Eis Sprooch ass also present a gëtt gefleegt. Et ass dofir falsch ze soen d’Lëtzebuerger Sprooch géing aus dem Alldag verschwannen oder ausstierwen. Am Géigendeel, eis Sprooch ass esou attraktiv ewéi nach ni, et ass eng jonk a lieweg Sprooch a mir sollen houfreg dorobber sinn. Op déi déck Tromm ze schloen an eppes anescht ze behaapte wier an eisen Ae mat den Ängschte vu de Leit gespillt a géif a kenger Hisiicht zu der Fërderung vun eiser Sprooch bäidroen.

Lex Delles a Claude Lamberty
DP Deputéiert

 


Lex Delles

Claude Lamberty