Sie sind hier

D'Nordstad muss vun de Mënsche matgedroe ginn!

News Tribune libre Gemeinden Eric Thill

Léif Nolauschterer,

als Schäffe vu Schieren erliewen ech all Dag, wéi schwéier et fir eng kleng Gemeng ass hire Bierger déi beschtméiglechst Servicer ze garantéieren. Nieft de klasseschen Aufgabe vun enger Gemeng, wéi zum Beispill de Bau an d'Ënnerhale vu lokalen Infrastrukturen, sinn an de leschte Joren eng ganz Panoplie vun neien Obligatiounen derbäi komm, déi d'Gemenge musse schëlleren. Ech denken do un d'Kannerbetreiung oder och un den ëffentleche Wunnengsbau.

Fir dës Aufgabe, brauch et enorm finanziell Mëttel a genuch Personal. Béides, hu kleng Gemengen net am Iwwerfloss. Wéi soll eng Gemeng wéi Schieren et sech z.B. leeschte kënnen, ëffentlech Wunnengen ze bauen, wa knapps genuch Suen do sinn, fir d'Schoulinfrastrukturen auszebauen an ze ënnerhalen? Déi Rechnung, geet op Dauer net op.

Sechs Nordstadgemenge schaffe scho méi laang zesummen, fir gemeinsam Projete fir hier Bierger ze finanzéieren. De Nordstadbus, den Magazine HEX, an déi gemeinsam Industriezon um Fridhaff, si gutt Beispiller fir den Erfolleg vun dëser Zësummenaarbecht.

Elo, hu sech fënnef vun dëse sechs Gemengen derzou entscheet, mat konkrete Fusiounsgespréicher unzefänken. Eng Fusioun, géif et dëse Gemengen erlaben, fir nach méi effikass am Interessi vun de Bierger ze schaffen. D'DP, ënnerstëtzt déi Fusiounsgespréicher ausdrécklech. Fir eis Partei ass awer och kloer, datt eng Fusioun just da Sënn mécht, wann d'Bierger de Projet vun der Nordstad matdroen. Mir wëllen näischt vun uewen erof diktéieren, mä d'Leit esou fréi wéi méiglech an d'Diskussioune mat abannen, an hiren Iddien, Propositiounen a Bedenke Rechnung droen.

Eng Fusioun, mécht nëmmen Sënn, wann dorausser eng reell Plus-Value fir d'Mënschen entsteet. D'Zil muss sinn, fir déi existéierend Manpower a finanziell Ressourcë ze bündelen, a fir méi Liewensqualitéit fir d’Bierger aus der zukünfteger Nordstad anzesetzen. Et däerf keng Gemeng, zum Verléierer vun enger Fusioun ginn. Jidderee muss vun der Nordstad profitéieren.

D'Fusioun ass op alle Fall d’Viraussetzung dofir, datt d’Nordstad sech zum drëtten Entwécklungspool vum Land entwéckele kann. Ma och hei gëllt d'Konditioun, datt dat net op Käschte vun der Liewensqualitéit däerf goen. Mir wëllen datt nei Aarbechtsplazen an d’Nordstad kommen, fir datt d'Awunner esou no wéi méiglech vun Doheem schaffe kënnen, an net méi an d'Stad musse fueren. Zousätzlech, solle sech staatlech Verwaltungen an nei Betriber an der Nordstad usidelen.

Ma och de Verkéier, spillt eng wichteg Roll. D'Zentralachs tëschent Dikrech an Ettelbréck muss onbedéngt entlaascht ginn, an de Contournement Ettelbréck-Feelen ass iwwerfälleg.

Léif Nolauschterer, mäin Numm ass Eric Thill. Ech si Schäffe vun der Gemeng Schieren a President vun der DP-Norden.

Sot mir Är Meenung iwwert d'Nordstad, a loosst eis dëse Projet,….zesummen ugoen!

 


Eric Thill

AnhangGröße
Audio Icon 20190701_ethill_tribune_libre.mp35.5 MB