Sie sind hier

#digitalChance: d'Digitalisatioun an den Déngscht vum Mënsch stellen

News Medien und ICT Eugène Berger

Debatt iwwer d’Digitaliséierung e Mëttwoch um Krautmaart: „Chancen notzen, Léisunge fërderen, déi de Leit konkret eppes bréngen“. Ënnert deem Motto stoung dem DP-Fraktiounspresident Eugène Berger seng Ried.

Déi digital Technologie bestëmmen a veränneren ëmmer méi eisen Alldag, doheem, op der Aarbecht, an der Fräizäit. Dat ass eng grouss Chance fir eist Land a fir all Eenzelen, wa mer se richteg ze notze wëssen. D’Digitaliséierung muss dofir aktiv gestallt an an den Déngscht vum Mënsch gestallt ginn, sou den Eugène Berger.

D’Politik misst Léisunge fërderen, déi de Leit konkret eppes bréngen, sief et um Niveau vun de Verwaltungen, am Gesondheetsberäich oder an der Aarbechtswelt, z.B. den Télétravail. Dofir bräicht et eng koordinéiert a wäitsiichteg Politik, déi keen op der Streck léisst. Nëmmen esou wier et méiglech, d’Eisenäerz vum 21. Joerhonnert ze schürfen an den Erfollegsmodell Lëtzebuerg virun ze schreiwen.


Eugène Berger