Sie sind hier

Interpellatioun zu de "Working poor"

News Arbeit André Bauler

A senger Interventioun zu der Interpellatioun iwwert déi sougenannten "Working poor", also deene Leit déi zwar schaffen an awer Problemer hunn iwwert d'Ronnen ze kommen, ass den DP-Deputéierten André Bauler op d'Wichtegkeet vum Mindestloun agaangen.

Wat sinn "Working poor" ?

"Wann een zu de sou genannten "Working poor" zielt, da gehéiert ee ganz séier zu de verletzlechste Matbierger aus eiser Gesellschaft. Déi wéineg finanziell Mëttel erlaben et engem dacks net am nämmlechte Mooss un der Gesellschaft deelzehuele wéi besser gestallte Leit. Fräizäitaktivitéiten hunn z.B. ee Käschtepunkt, dee Stéit dozou zwénge kann, e Choix mussen ze treffen an ze verzichten, well soss de Budget géint Enn dës Mount net opgeet. A wann da Kanner am Stot sinn, da sinn esou Froen nach méi akut."

Konkret Mesurë fir sozial Gerechtegkeet 

An dësem Sënn ass sech d'DP ganz bewosst, dass de Mindestloun, a seng regelméisseg Upassung, ëmmer en Element vu sozialer Gerechtegkeet ass. Dofir leien der Regierung dës Leit och besonnesch um Häerz:

"Et ass der Demokratescher Partei besonnesch wichteg an deem Kontext d’Familljen z’ënnerstëtzen. D’Ënnerstëtzung vun de Familljen ass an deem Sënn och eng finanziell Entlaaschtung. Dofir wäert ab der nächster Rentrée z.B. d’20-Stonne-Kannerbetreiung fir all Kanner tëscht engem a véier Joer, an dat iwwert 46 Wochen d’Joer, gratis sinn. Fir Kanner aus méi sozial schwaache Famillje kënnen dat bis zu 30 Stonne sinn."

Den Norddeputéierten ass awer och nach op d'Subvention de loyer agaangen, där hier Kritären demnächst esou erweidert gi sollten, dass nach méi Stéi an hiere Genoss komme sollten.

 

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 


André Bauler