Sie sind hier

Sproochekonzept vun der multilingualer Kannerbetreiung

News Tribune libre Bildung Gilles Baum

A senger Tribune libre schwätzt den DP-Deputéierten Gilles Baum iwwer d'Sproochekonzept vun der geplangter multilingualer Kannerbetreiung.

Tribune libre

Kommt mir kucken eis d’Schoulhäff ee mol méi genau un…. Wann fréier quasi alleguerten d’Kanner scho vun Doheem aus Lëtzebuergesch geschwat hunn éier se ageschoult goufen, ass dat haut nach just bei all 3. Kand de Fall.

Jo, eis Schoulpopulatioun ass méi heterogene ginn. Dat ass d Spigelbild vun eiser multikultureller Gesellschaft, déi eis a ville Hisiichten auszeechent. Wier dës Diversitéit net nach ëmmer Ursprong vun enger ganzer Rei Differenzen, déi eis Kanner heiansdo bis an d’Beruffsliewe begleeden.

Besonnesch déi sproochlech Barrièrë verbauen haut nach ëmmer Weeër, a Platz Dieren opzemaachen. Dobäi ass de Problem bekannt. Francophone Kanner hunn dacks Problemer mam Däitschen, an den Lëtzebuergesche Kanner fält dat Franséischt net liicht. Schwieregkeeten, déi spéider oft an Zweiwelen, Frustratioun an esouguer an Angscht kennen iwwergoen.

D’Demokratesch Partei wëll keng Schoul méi, déi sproochlech a sozial Differenze verstäerkt. Mir wëllen eng Schoul déi d’Kanner esou séier wéi méiglech integréiert an zesumme feiert.

Aus menger berufflecher Erfahrung, awer och aus der Erfahrung mat mengen eegene Kanner, weess ech dat d’Kanner am jonken Alter d’Wësse ganz liicht ophuelen a fir vill Neies ze begeeschtere sinn. Dat ass beim Entdecke vu Sproochen net anescht. Grad déi éischt Liewensjoer spillen hei eng immens wichteg Roll.

Mat der méisproocheger Kannerbetreiung gëtt ab dësem Oktober vu genau dësem Zäitraum profitéiert fir d’Kanner, tëschen engem a véier Joer, spilleresch, an esouwuel déi Lëtzebuergesch, ewéi och déi Franséisch Sprooch eranzeféieren.

Net nëmme kréien d’Kanner, déi Lëtzebuergesch doheem schwätze méi fréi ee Gefill an en Ouer fir dat Franséischt, och kennt déi lëtzebuergesch Sprooch a Crèchen eran, wou bis elo nëmme Franséisch geschwat ginn ass. D’Roll vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch gëtt also hei ganz kloer gestäerkt.

Ech schwätzen an deem Kontext bewosst net vum Léieren, well et geet an deem Alter net ëm Vokabel an et geet och net em Verbentabellen. Am Géigendeel, d'Kanner sollen op eng spilleresch a kandgerecht Aart a Weis duerch kuerz a gezielten Aktivitéiten un déi zwou Sproochen ugefouert ginn, ouni Drock an no hirem Rhythmus. Duerch kleng Spillercher, Réimer, Lidder oder an Alldagssituatiounen, sollen d’Kanner virwëtzeg gemaach ginn. Si sollen een natierlechen an entspaanten Ëmgang mat de Sproochen entwéckelen a scho fréi un eis méisproochegt Ëmfeld gewinnt ginn.

Et ass weder, ewéi vu ville Säite behaapt gëtt, een éischte Schratt fir eng zukünfteg Alphabetisatioun op Franséisch, nach soll déi lëtzebuergesch Sprooch aus dem Alldag verschwannen.

Et ass eenzeg an eleng eng Virbereedung op eis méisproocheg Schoul, an där all Kand et verdéngt huet déi selwecht Startchancë ze hunn, fir d’schoulesch Zieler ze packen. Dat leit der DP immens um Häerz.


Gilles Baum

 

AnhangGröße
Audio Icon 20170424_gbaum_tribune_libre.mp35.25 MB