Sie sind hier

DP-Fuerderung ëmgesat: keng Gemeng wäert verléieren!

News Edy Mertens André Bauler Max Hahn

D’Demokratesch Partei huet scho virun zwou Wochen an engem Pressecommuniqué [méi...] gefuerdert, datt am Kader vun der Gemengefinanzreform keng Gemeng däerf u finanzielle Moyen’en verléieren. Dëser Fuerderung ass den Inneminister elo nokomm.

Fir de Max Hahn, innepolitesche Spriecher fir d’DP, ass et a priori eng gutt Saach, datt mat der Gemengefinazreform, an där hirem Kader iwwregens 108 Milliounen Euro zousätzlech vum Staat un d’Gemenge verdeel ginn, versicht gëtt dës Gelder méi gerecht ze verdeelen: „Gemengen, déi de gréisste landesplaneresche Challenge ze bewältegen hunn, nämlech Wunnen a Schaffe méi no beieneen ze bréngen, si ganz besonnesch staark gefuerdert. Si musse Wunnraum an déi domat verbonnen néideg Infrastrukture schafen, wat mat héije Käschte verbonnen ass“, erkläert de Max Hahn.

Mir si frou, datt elo och déi speziell Situatioun vun de Landgemenge berécksiichtegt gëtt, well och si erfëlle wichteg Funktiounen, wéi zum Beispill d’Erhale vun eise Bëscher an eiser Kulturlandschaft“, esou den André Bauler. Och den Edy Mertens, Deputéierten am Norden, seng Positioun as ganz kloer: „Mir hätten net akzeptéiert, wann vereenzelt Gemengen am Norden an am Oste vum Land op Grond vun hirem ländleche Charakter finanziell benodeelegt gi wieren!“.

Et dierft een allerdéngs och net vergiessen, datt och méi kleng ländlech Gemengen aus landesplanerescher Siicht eng ganz wichteg Roll spillen, esou de Max Hahn: „Si bilden déi „gréng Long“ tëschent de gréissere Gemengen a suerge fir den Erhalt vun der Natur, wat och mat Käschte verbannen!“. Dofir ass et dem Max Hahn senger Meenung no och sou wichteg, datt de Finanzminister Pierre Gramegna dervir gesuergt huet, datt duerch e Kompensatiounsmechanismus keng Gemeng manner kritt, wéi dat läscht Joer: „Elo wou déi grouss Linne vun der Gemengefinanzreform bekannt sinn, gëllt et deen Dossier genee am Aen ze halen an an der zoustänneger Chamberkommissioun d’Texter ze analyséieren a sécherzestellen, dass tatsächlech keng Gemeng verléiert“, esou de Süd-Deputéierten ofschléissend.

 


Max Hahn

André Bauler

Edy Mertens