Sie sind hier

D'DP trauert em de Carlo Meintz

News

Am Alter vun 84 Joer ass de fréieren Député-maire vu Walfer, de Carlo Meintz, gestuerwen.

De Carlo Meintz war 22 Joer laang Buergermeeschter (1967-1987; 2000-2002) an huet Walfer an där Zäit zu enger moderner an attraktiver Gemeng am Norde vun der Stad entwéckelt. Ënnert dem Carlo Meintz seng Ära falen Infrastrukturen, wéi déi deemools nei Sportshal, de Centre Prince Henri, de Pidal oder déi nei Gemeng.

De Verstuerwene war 24 Joer laang Deputéierten (1974-1998), hie war Vizepresident vun der Chamber vun 1984 bis 1998, President vun der DP-Fraktioun vun 1980 bis 1984 a 7 Joer laang Member vum Staatsrot. Vun 1974 bis 1979 wor de Carlo Meintz am Europaparlament.

De geléierte Schoulmeeschter huet am Educatiounsministère geschafft, wou hien d’Orientation scolaire opgebaut huet. Hien huet ë.a. och Psychologie um Cours Universitaire ginn.

Donieft war hie vun 1986 bis 1996 President vun der Zentral vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen.

De gebiertege Lëntgener huet a senger Jugend Basketball zu Ettelbréck gespillt. Dono war hien e grousse Supporter vun der Walfer Résidence an ass 1990 President vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun ginn.

"Mam Carlo Meintz verléiere mir e verdéngten a kompetente Politiker, deen sech em seng Gemeng an em d’Land verdéngt gemaach huet. D’DP seet dem Carlo Meintz senger Famill hiert déift Matleed", esou d’Parteipresidentin Corinne Cahen.

De Staatssekretär am Kulturministère a fréiere Buergermeeschter vu Walfer, Guy Arendt: "De Carlo Meintz war en engagéierten a biergernoe Politiker. E joviale Mënsch, deen ëmmer fir d’Leit aus senger Gemeng do war. Walfer verléiert mam Carlo Meintz eng grouss Perséinlechkeet, déi mir net vergiesse wäerten."