Sie sind hier

Erklärungen zur "Année blanche"

News Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet haut op eng mëndlech Fro vum Deputéierte Gusty Graas geäntwert a versprach, datt de Baueren duerch dës Mesure konkret gehollef gëtt.

Keng einfach Zait fir eis Baueren

D’Année blanche war eng néideg Mesure, déi ech d’läscht Joer geholl hat, well d’Mëllechbetriber an d’Schwéngsbetriber besonnesch betraff ware vun der Krise op de Mäert. Dës Krise huet bewierkt, datt et wesentlech un Liquiditéit an den Betriber feelt, och elo nach! Dofir hunn mir d’Année blanche an d’Liewe geruff, déi de Bauere genau op deem Punkt soll hëllefen“, esou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen

Eng Léisung fir de Baueren erëm Loft ze ginn

Vum Juli un, däerfen d’Betriber hier produktiounsbezunne Prête fir 12 Méint aussetzen, d’Zënsen a Bankkäschte bis 15.000 Euro iwwerhëlt dann de Staat. Duerch dëst Instrument stinn dann de Betriber, ofhängeg vun der Ausmooss vun hire Prêten, insgesamt bis zu ronn 60 000 Euro méi Liquiditéiten zur Verfügung. Ech wëll och betounen, datt dës Hëllef zumindest an dëser Form eemoleg an der EU ass.

Ëm déi 1,5 Milliounen déi de Staat iwwerhëlt

Elo ginn am SER di eenzel Dossieren iwwerpréift an bis spéitstens 30. Juni kréie souwuel Bauere wéi Banke Bescheed gesot, datt den Dossier an der Réi ass. Em Enn vum Moratoire dat nächste Joer wäert domadder eise Bauere mat em déi 1,5 Milliounen Euro gehollef ginn. Dat ass eng substanziell Hëllef fir de Mëllech- a Schwéngsecteur. Dëse Betriber ass et domadder elo méiglech mat dëser zousätzlecher Liquiditéit Loft am Betrib ze kréie fir sech kënne vun der Krise ze erhuelen.

Wéi gesot ech sinn iwwerreecht datt dës Mesure wäert de Baueren hëllefen an dëse schwieregen Zäiten an datt hinnen domat ënnert den Äerm gegraff ka ginn"
Fernand Etgen, Agrikulturminister

 


Fernand Etgen

Gusty Graas