Sie sind hier
Héich Investissementer an eis Infrastrukturen
No der Presentatioun vum Budget 2017 Mëtt der Woch, dee jo Investissementer op Rekordniveau festgehalen huet, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas eng ganz Rei nei Projet'en ugeschwat.
Mobilitéit
- am Groussraum Esch, der Stad an der Nordstad ginn an den nächste Joren 674 Millioune investéiert fir e besseren Trafic ze garantéieren
- N7 gëtt méi sécher gemaach
- Gare vu Klengbetten gëtt fir 14 Milliounen moderniséiert
Jugend- a Schoulprojet'en
- eng nei Jugendherberg zu Ettelbréck
- Renovatioun vun der Jugendherberg zu Veianen
- den neien Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng un der Sauer
- Reamenagement vum Lycée technique vun Ettelbréck a Extensioun vum alen Lycée technique agricole
Astandsetzung vun historesche Gebaier
- Renovatioun vun der Villa Louvigny
- Reaffektatioun vun der Nationalbibliothéik a Studentewunnengen
"Op dat Ariichtunge fir eis Jugend sinn, Astandsetzunge vun historesche Gebaier, Transportinfrastrukturen op der Strooss an op de Gleiser, oder Schoule fir eis Kanner, all dës Projet'en droen derzou bei eist Land op d'Zukunft virzebereeden", esou en zouversiichtlechen Gusty Graas. Nom Debat an der Chamber gouf eng entspriechend Motioun guttgeheescht.