Sie sind hier

Ombudsman, am Déngscht vun de Bierger an de Verwaltungen

News Gesellschaft Gusty Graas

Säit dem e Gesetz vun 2003 den Ombudsman an d’Liewe geruff huet, debattéiert d’Chamber eemol am Joer iwwert den Rapport d’activité. Dëst Joer huet sech d’Debatt zu engem groussen Deel em d’Froe vun der Immigratioun an dem Accueil vun den DPIen (demandeurs de protection international) a BPIen (bénéficiaires de protection internationale) konzentréiert. D’Unzuel vun den Beneficiairen vum Flüchtlingsstatut huet sech am Verglach mat 2014 vervéierfacht, wat natierlech fir d’Verwaltungen eng ganz Rei Erausfuerderungen mat sech bréngt, siff dat um Niveau vum Logement, vum Encadrement oder vum Iessen.

De Süd-Deputéierte Gusty Graas huet an dem Kontext betount dat et an dëse speziellen Ëmstänn sécherlech Defiziter gëtt, déi et och heescht esou séier a gutt wéi méiglech ze behiewen, ouni awer duerfen d’Situatioun ze pauschaliséieren. Déi betraffe Verwaltunge wéi zB den OLAI an awer och d’Gemenge maache vill Efforte fir d’Demandeuren an d’Beneficiairen an de bescht méiglechste Konditiounen ze betreien.

Säite puer Jore get och driwwer diskutéiert de gesetzleche Kader vum Ombudsman unzepassen. Et ass wichteg no enger gewëssener Zäit an engem Bilan, d’Kompetenzfeld vum Ombudsman z’analyséieren an deementspriechend unzepassen. D’Demokratesch Partei wäert dëse Prozess natierlech ënnerstëtzen a begleeden, an erënnert drun dat et heibäi wichteg ass d’Kompetenze vum Ombudsman kloer z’encadréieren.

Den Ombudsman huet sech positiv entwéckelt an ass zu engem Pilier vun eisem Rechtsstaat ginn”, huet de Gusty Graas erënnert. Dës Institutioun erméiglecht et de Bierger nämlech no Hëllef a Rot ze froe wann sie bei enger Verwaltung op Problemer stoussen. D’Bierger hunn d’Recht op e Gudde Service, an d’Roll vum Ombudsman bleift et awer och de Verwaltungen zu Säit ze stoe wann d’Bierger net am Recht sinn.

view video on chd.lu

 


Gusty Graas