Sie sind hier

D’Pandemie vum Coronavirus huet ee groussen Afloss op d’Schoulen.

News Ausnahmezustand Bildung Claude Meisch

Fir den Ustiechungsrisiko ze minméieren, huet d’Regierung decidéiert fir d’Schoulen an d’Betreiungsstrukturen bis den 3. Mee 2020 zou ze maachen. D’Schüler léieren vun doheem aus. DʼSituatioun gëtt deen Ament nei evaluéiert vun der Direktioun vun der Santé an den Datum vun der Reprise vun de Coursë kann adaptéiert ginn, jee nodeem wéi dʼSituatioun sech entwéckelt.

Schouldoheem.lu

Schouldoheem.lu ass en Internetsite vum SCRIPT, deen ënner anerem Léiermaterial an Online-Tools fir d‘Léierpersonal, d‘Schülerinnen a Schüler an d‘Elteren zur Verfügung stellt. Hei fënnt een eng breet Panoplie vu pedagogeschem Material, dat sech u Schüler aus dem Fondamental an aus dem Secondaire riicht. DʼOffer ëmfaasst och e sëllegen interessant an innovativ Outile fir déi ganz Jonk.

Premièresexamen

D’Prozedur fir de Premièresexame gëtt wéinst de Mesure géint de Coronavirus adaptéiert.

D’Froe fir den Exame behandele just d'Matière, déi bis elo an der Klass behandelt gouf an et gëtt dofir gesuergt, dass d’Resultater vum Schouljoer sech net zum Nodeel vum Schüler auswierken.

Wann d’Schoulen nees rëm normal fonctionéieren a bis de 25. Mee gëtt de Rescht vum Programm duerchgeholl an et ginn och Prüfungen an där Matière gemaach, déi an d’Joresmoyenne wäerten afléissen.

DʼExamensprogrammer vun alle Fächer ginn adaptéiert a sinn um Site eschoolbooks.lu publizéiert.

Tarificatioun Chèque-Service accueil (CSA)

Fir dʼZäit vun der Suspensioun vun den Aktivitéite gëtt den Eltere keen Accueil a Rechnung gestallt. An där Zäit iwwerhëlt de Staat weider seng finanziell Bedeelegung iwwer de Chèque-service Accueil. Dʼfinanziell Bedeelegung vun den Elteren iwwerhëlt de Staat net.

Schoulesch an psychologesch Helpline : 8002 9090


➡️Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html