Sie sind hier

D'Geschlecht an de Numm méi séier an onkomplizéiert am Etat civil änneren

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Eugène Berger

An Zukunft kënnen trans- an intersexuell Matbierger op eng méi séier an onkomplizéiert Prozedur zréckgräife fir hiert Geschlecht an hiren Numm am Etat civil ze änneren. Fir den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger steet bei deem Gesetz d'Recht op Selbstbestëmmung am Virdergrond.

Et gi Mënschen, déi wann se op d'Welt kommen net kloer engem bestëmmte Geschlecht zougeuerdent kënne ginn. Do ass et nach leider oft Situatioun datt duerch eng fréi Operatioun dann zwar kierperlech zu engem Meedchen oder Bouf gemaach gëtt, mee wou dee Mënsch sech awer herno net als dat Geschlecht fillt a lieft. Am Alldag hunn déi Mënschen haut nach mat ville Problemer ze kämpfen och well, hiert Wiesen net an hirer ziviller Identitéit unerkannt a respektéiert gëtt. Et ass genau do wou dëst Gesetz usetzt.

esou den Eugène Berger.

D'DP begréisst et zudem ausdrécklech, datt déi laangwiereg Procédure judiciare duerch eng méi séier a méi einfach procédure administrativen ersat gëtt. Dat ass am Interêt vu ville Betraffenen, déi sech vläicht och heiansdo gescheit hunn fir de Wee iwwer d' Bezierksgeriicht ze fueren. Sief dat well de Wee oft laang ass, oder dacks och vill Nerven a Sue kascht.

Schutz vum Kand am Mëttelpunkt

Et héiert een ëmmer erëm, datt intersexuell Kanner virschnell operéiert ginn. Genau Zuele ginn et leider net. Doduerch gouf oder gëtt vläicht och nach haut iwwert d'Käpp vun de Kanner ewech decidéiert, wéi ee Geschlecht d'Kand muss unhuele mat all deene Konsequenzen, déi dat mat sech brénge kann. An den Ae vun der DP sollten esou déifgräifend Entscheedunge just vun deene Betraffene selwer geholl ginn. D'DP wëllt dofir eng legal Basis schaffe fir datt esou Agrëffer un klengen an oder net-mëndege Kanner an Zukunft verbuede ginn.

Rechter vun der LGBTI-Communautéit stäerken

Ofschléissend huet sech den Eugène Berger derfir ausgeschwat fir d'Rechter vun der LGBTI-Communautéit weider ze stäerken:

Dëst Gesetz ass ee weidere ganz wichtege Schrëtt a Richtung vun enger toleranter an oppener Gesellschaft, a jiddereen eng Plaz huet. Domat ass et awer nach net gedoen. Well d'Stäerke vun de Rechter an der Akzeptanz vun der LGBTI- Communautéit ass ee permanente Prozess. Haut hu mer eng ganz wichteg Etapp ofgeschloss. A mir si prett fir di nächst!


Eugène Berger