Sie sind hier

Ausbau vun de Gare vu Rodange, Miersch a Waasserbëlleg

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

D‘Mobilitéit stoung e Mëttwoch op en neits um Ordre du jour an der Chamber. Déi Kéier goung et ëm den Ausbau vun den dräi Zuchgare vu Rodange, Miersch a Waasserbëlleg.

Sou soll zu Rodange den Accès fir déi nei Busgare verbessert ginn. Zu Miersch gëtt den Haaptquai verlängert an d’Busgare gëtt reamenagéiert. Zu Waasserbëlleg ass de Bau vun engem Parkhaus virgesinn, grad ewéi en drëtte Quai bei der Busgare.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet a senger Interventioun ënnerstrach, dass dës Projeten, déi sech zesummen op ronn 260 Milliounen EURO belafen, e weideren Deel vun den ambitiéisen Investitioune vun der Regierung an den ëffentlechen Transport duerstellen.

Et wier awer evident, dass et mat Infrastrukturen eleng net duergeet. Et wieren virun allem Klengegkeeten, wéi d’Duerchsoen, d‘Uweise vu Verspéidungen, d’Penktlechkeet an de Komfort, déi vill zur Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport géinge bäidroen a wou et nach gëllt, Efforten ze maachen.


Gusty Graas