Sie sind hier

En neie Produit fir eis Finanzplaz: de FIAR

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

E Secteur, deen drop waart

Ongedëllegt hunn d'Acteure vun der Finanzplaz drop gewaart, haut de Mëtte war et endlech esou wäit: de Gesetzestext zum FIAR (fonds d’investissement alternatifs réservés), en neien Typ vu Fongen, gouf an der Chamber guttgeheescht. De Rapporteur André Bauler erkläert: „Mir hu fir de Moment eng duebel Kontroll duerch CSSF vun eise Fongen, eng Situatioun déi vir veschidden Investisseuren ongënschteg ass, well et laang dauere ka bis eis Kontrollautoritéit dem Fong gréng Luet ginn huet.“ Fir institutionell Investisseuren a Léit déi gutt an der Matière dra sinn, ass et oft iwwerflësseg, dass CSSF esouwuel de Gestionnaire vum Fong, wéi och de Produit u sech iwwerwaacht, dat well si selwer an der Lag sinn, hier Decisiounen ze huelen.

E Produit, dee op d'Besoin'en vum Marché ageet

Dofir ass elo en neien Outil geschaaft ginn, deen net méi dem duebele Kontroll ënnerleit. „Duerch d'Aféiere vum FIAR, vun engem Fong deen eben net méi der CSSF als solches ënnerläit, an dee keen Agrément vun der CSSF muss hunn ier en um Marché aktiv ka ginn, gët d’Zäit tëscht der Schafung vu sou engem Fong a senger Vermaartung däitlech erofgesaat. Domadder ass de Gestionnaire einfach vill méi flexibel par Rapport zu senger Clientèle, esou den DP-Deputéierten.

De Finanzminister Pierre Gramega huet op d'Wichtegkeet vun dësem Produit fir eis Finanzplaz higewisen: „Lëtzebuerg ass e bedeitenden Acteur am Fongegeschäft, zemol am Beräich vun den institutionellen Investisseuren. Et geet also drëms souwuel eisen exzellenten Numm, dee mer an dësem Domän opgebaut a verdéngt hunn, ze verteidegen, an duerch d'Schafe vum FIAR d'Palett vun de Produit'en vun eiser Finanzplaz ze erweideren. 

Eng diversifizéiert Finanzplaz fir e staarkt Lëtzebuerg

Et ass zu dësem Moment net einfach ofzeschätze wéi grouss den Undrang op de FIAR wäert sinn, mä wann een awer gesäit, dass vill Depositairë mat dësem Produit an de Startlächer stinn, da kann ee berouegt dervun ausgoen, dass d’FIARen hire Wee goe wäerten. Wann een wees, dass all 4. Euro an eisem Staatsbudget direkt oder indirekt vun der Finanzplaz kënt, da versteet een wéi wichteg et ass op dësem Niveau innovativ ze bleiwen.

 


Ried vum André Bauler


Ried vum Pierre Gramegna

 


André Bauler

Pierre Gramegna