Sie sind hier

Debat iwwer de Logement: Vill kleng Puzzelstécker

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn Marc Hansen

Déi aktuell Regierung huet eng Hällewull u Mesuren ëmgesat, déi et ville Leit zu Lëtzebuerg méi liicht mëcht, fir eng bezuelbar Wunneng ze fannen. A wann déi Mesurë vun haut virun 30 Joer geholl gi wieren, hätte mir haut vill Problemer manner. Ech denken zum Beispill un de Baulandvertrag, eng laangjäreg Fuerderung vun der DP, mat deem d’Spekulatioun op net bebautem Terrain an d’Entstoe vu Baulücke komplett verschwanne wäert“, huet de Max Hahn betount. Och de Minister Marc Hansen huet un déi vill Projeten erënnert, déi dës Regierung schonn am Beräich vum Logement realiséiert huet. Vun der Steierreform iwwer d’Wunngeld bis bei grouss Projeten op fréieren Industriefrichen.

Fir d’DP ass et kloer, datt d’Offer u Wunnenge muss staark an d’Luucht goen. Dozou gehéiert och, dat Bauland ze mobiliséieren, dat elo schonn am Perimeter läit. Expropriatioun an Taxen op eidelstoenden Terraine si fir d’DP awer just Schäinléisungen, déi gutt kléngen ma  an der Realitéit net hale, wat si verspriechen, esou de Max Hahn: „Ech wëll ganz kloer soen, dass et mat der DP keng Logementspolitik wäert ginn, wou Elteren a Grousseltere musse fäerten fir hiren Terrain ewechgeholl ze kréien, deen si gehalen hunn, fir dass hir Kanner an Enkelen eemol dorobber baue kënnen.

Mir als DP wielen awer léiwer d’Approche vun der Muert an net déi vum Bengel“, huet de Max Hahn ënnerstrach. Hien huet d’Iddi proposéiert, datt de Staat Terraine vu Privatleit fir eng gewëssen Zäit loune soll, fir dorobber ze bauen. No enger Zäit (zum Beispill no 30 Joer) huet de Propriétaire dann d’Wiel ob hie weider un de Staat wëll verlounen oder ob en säin Terrain nees am ursprünglechen Zoustand zeréck kritt.

Ried vum Deputéierten Max Hahn

 

Och d’Prozedure waren an der Chamber en Thema. De Marc Hansen huet d’Meenung vertrueden, datt all d’staatlech Administratiounen un engem Strang mussen zeien, wann et ëm de Logement geet. Dofir fuerdert hien, datt an enger nächster Regierung de Logementsminister alleguerten d’Kompetenze kritt fir Autorisatiounen ze verginn.

De Max Hahn ass dann nach op déi wichteg Roll vun de Gemengen agaangen. D’DP wëll am Kader vum „Pacte logement 2.0“ de Gemengen e Logementsberoder zur Säit stellen, deen si ënnerstëtzt an encadréiert, wann et drëms geet als Gemeng selwer Wunnunitéiten ze bauen.

De Marc Hansen an de Max Hahn wore sech eens: d’Logementsproblematik ass e grousse Puzzle, fir deen een vill kléng Stécker brauch fir en ze léisen. De Max Hahn huet dann och eng Motioun mat e sëllechen interessante Pisten abruecht, déi eng breet Majoritéit an der Chamber krut huet.

Ried vum Logementsminister Marc Hansen

 

Weider Informatiounen

  • Invité vun der Redaktioun: Den DP-Deputéierte Max Hahn iwwert d'Logementsproblematik [méi...]

 


Max Hahn

Marc Hansen