Sie sind hier

Fakten, amplaz Bauchgefill

News Bildung Claude Meisch

De Bildungsminister Claude Meisch huet dës Woch op enger Pressekonferenz zwee nei Organer virgestallt, déi hëllefe sollen d’Debatt ëm d’Schoul ze versachlechen.

„Observatoire de la Qualité scolaire“ an „Nationale Programmrot“

Den éischter wëssenschaftlech ausgeriichten „Observatoire de la Qualité scolaire“ wäert een objektive Bléck op de ganze Schoulsystem werfen an de Ministère a Saachen Educatioun a Chancëgerechtegkeet beroden. Seng onofhängeg Rapporten wäerten op enger wëssenschaftlecher Basis d'Qualitéit an d'Effizienz vum Lëtzebuerger Schoulsystem analyséieren.

Den „Nationale Programmrot“ iwwerdeems soll d’Entwécklung vun der Schoul méi enk mat där vun der Gesellschaft verknäppen. An enger Welt déi ännert, kann d'Schoul net déi nämmlecht bleiwen. D'Inhalter, d'Programmer an d'Conceptioun vun de Schoule mussen sech permanent der  Gesellschaft upassen, fir de Schüler déi beschtméiglech Zukunftschancen ze bidden. Iwwerdeems soll dëse Programmrot och fir déi néideg Kohärenz vun de Schoulprogrammer suergen, vum éischte bis de leschte Schouldag.

„Bildungsdësch"

Op der Pressekonferenz huet de Claude Meisch och d'Iddi vun engem nationale „Bildungsdësch“ lancéiert, deen ee kéint als Partner gesinn, fir den Debat an der Schoul manner politesch ze halen an doduerch méi Rou a Kontinuitéit an d'Schoulen ze bréngen. Op deem Bildungsdësch solle verschidden Acteuren zesumme komme fir iwwert d'Schoulpolitik ze diskutéieren. Dorënner Vertrieder vum Ministère, Leit aus de Schoulen a Lycéeën, Schüler/Schülerinnen an Elteren, Wëssenschaftler a Leit aus der Zivilgesellschaft.

 


Claude Meisch

AnhangGröße
PDF Icon 20180120_bildungsdesch.pdf542.04 KB