Sie sind hier

Investitiounshëllefen

News Wirtschaft Joëlle Elvinger

Investitiounshëllefen

Fir d’Betriber ze motivéiere, fir an hir Strukturen um Standuert Lëtzebuerg ze investéieren, ginn et eng Panoplie vun Investitiounshëllefen. „Dat Gesetz, dat mir haut stëmmen, ass en Deel vun der Strategie, fir eis Ekonomie ze fërderen an och ze diversifiéieren,“ esou d’DP-Spriecherin zum deem Projet an der Chamber, Joëlle Elvinger.

Investitiounen an defavoriséiert Regiounen

„Haut huet d’Chamber den neie Kader fir d’Hëllefe fir Entreprise gestëmmt, déi an de sougenannten defavoriséierten Zonen investéieren. D’Konditioune vun der Stee, fir vun den Aiden ze profitéieren, si méi streng a méi strikt ginn,“ huet d’Joëlle Elvinger dës Woch um Krautmaart ënnerstrach. D’Gemengen Déifferdeng an Diddeleng erfëllen déi nei Kritäre vun der Europäescher Kommissioun a goufen als Zone défavorisée zréckbehalen.

Gréisseren Accent op d’PMEen

D’Walfer Député-maire huet och bedauert, dass mat dësem Gesetz manner Entreprisen eligibel wäerten sinn, fir un déi nei Aiden ze kommen. Effektiv gëtt an Zukunft den Accent méi op d’PMEe geluecht. Dat wier awer keng Entscheedung vun der Regierung, déi de Maximum erausgeholl hätt, wat mat den neie Lignes directricë fir d’Joren 2014-2020 méiglech wor.

view video on chd.lu


Joëlle Elvinger