Sie sind hier

Ee Budget am Zeeche vun der Gerechtegkeet

News Finanzen Eugène Berger

Nom Rapport vum DP-Deputéierten André Bauler war et e Mëttwoch um Fraktiounspresident Eugène Berger fir an der Chamber Stellung zum Budget 2019 ze huelen.

Fir den Eugène Berger zitt sech d’Striewen no Gerechtegkeet wéi e sozial-liberale Fuedem duerch de ganze Koalitiounsprogramm vu Blo-Rout-Gréng. Déi verschidde sozial Mesuren aus dem Budget 2019 géifen dat op een Neits ënnersträichen.

„Méi Gerechtegkeet: dat ass fir dës Regierung keen eidelt Verspriechen. Si fiert do weider, wou si opgehalen huet, weider nom Motto: Gesot – gemaach!“,

esou de Fraktiounschef op der Chamberstribün.

Den Eugène Berger huet dernieft ënnerstrach, datt d’Regierung déi gutt Konjunktur notzt, fir de Bierger hier Kafkraaft weider ze stäerken an hinne besser sozial Ofsécherungen a Sachleeschtungen ze garantéieren. Zu deene konkrete Mesuren zielt virop d’Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro netto de Mount.

Green finance

Wat d’Finanzplaz betrëfft, wier et wichteg den Niveau ze halen, mä de Kader ze schafe fir eng nach méi kompetitiv, innovativ, villfälteg a previsibel Finanzplaz.

Déi nohalteg Finanze spille fir den Eugène Berger dobäi eng eminent wichteg Roll. „An de Green finance zielt Lëtzebuerg weltwäit zu den absolute Virreider. Mir hunn vill "Energie" an déi gréng Finanze gestach. Mir mussen op deem Niveau weiderfuere fir eise Virsprong auszebauen“, esou den Eugène Berger.

#digitalchance

D'Digitaliséierung ass fir den DP-Fraktiounschef eng grouss Erausfuerderung, mä et sollt een se virun allem als Chance gesinn, fir den Eenzelen awer och fir d'Gesellschaft. D’Schafe vun engem eegenen Digitalisatiounsministère géif ënnersträichen, datt d’Digitalisatioun zu den absolute Prioritéite vun dëser Regierung géif gehéieren.


 

Eugène Berger