Sie sind hier

Diversifikatioun vun der Schouloffer: 3 nei ëffentlech Europaschoulen

News Bildung Claude Meisch Lex Delles

D'Regierung schafft zanter Joren drunn, déi schoulesch Offer ze erweideren, ze diversifiéieren an ze flexibiliséieren.

D’Ambitioun vun der Regierung ass fir all Student dozou ze bréngen seng maximal Léierkapassitéiten ze profitéierten a jidderengem eng Chance ze bidde fir schoulesch erfollegräich ze sinn, onofhängeg vun der sozio-ekonomescher Situatioun vum Schüler oder vun der Sprooch, déi bei him Doheem geschwat gëtt.

Dat neit Gesetz vergréissert an dezentraliséiert d’Offer vun ëffentlechen, europäesche Schoulen, andeems dräi néi europäesch ëffentlech Schoule gebaut ginn, dovunner zwou am Osten, zu Munneref an zu Jonglënster an eng am Norden, zu Klierf.

Et handelt sech heibäi net ëm een Nivellement vers le bas oder ëm eng Privatiséierung vun der Educatioun nationale, mee eenzeg an eleng ëm Chancëgerechtegkeet an eisem Schoulsystem.
Lex Delles

„Eis Schoul ass gutt, mä eis Schoul ass net gutt fir all Kand. Dat ännere mir elo!“
Claude Meisch

De Rapporter Lex Delles huet däitlech betount, dass d’Regierung sech och der grousser Bedeitung vun der Lëtzebuergescher Sproch als Kommunikatiouns- an Integratiouns-Sprooch an eisem multilingualen a multikulturelle Land bewosst ass. Desweideren huet de Rapporter ervirgehuewen, dass an deem Sënn och eng Obligatioun fir d’Europäesch Schoulen agefouert gëtt, datt an all Zyklen obligatoresch Course op Lëtzebuergesch mussen ugebuede ginn.

„Wann d’Schüler sech änneren, dann dierf eis Schoul net déi nämmlecht bleiwen.“
Lex Delles

D’Implantatioun an d’Konstruktioun vum néie Lycée zu Munneref soll eng ugepassten Offer u schouleschen Infrastrukturen am Osten bidden. Op dës Manéier gëtt d’Schouloffer dezentraliséiert, d’Distanzen an domat d’Trajete fir d’Schüler gi reduzéiert an et verstäerkt een den Entwécklungs-, respektiv Attraktiounszentrum an der Regioun.

 


Lex Delles

Claude Meisch