Sie sind hier

EDIFF: Schafe vun 8 nationale Kompetenzzentren

News Bildung Lex Delles Gilles Baum

© Foto: Menje

"Mir brauchen eng Schoullandschaft, déi net nëmmen d’Stäerken, d’Schwächten, an déi individuell Besoine vun eise Kanner erkennt, mä konkret op dës ageet, a wann méiglech hëlleft se z'iwwerwannen". Mat deene Wierder huet de Rapporteur seng Ried an der Chamber ugefaangen.

D'Gesetz huet am Ganzen 8 national Kompetenzzentren an d'Liewe geruff. Dovunner fousse 5 Stéck op scho bestoend Strukturen. Et sinn dëst :

  •  den Centre pour le développement des compétences langagières, auditives et communicatives,
  •  den Centre pour le développement des compétences relatives à la vues,
  •  den Centre pour le développement moteur et corporel,
  • den Centre pour le développement intellectuel,
  •  den Centre pour le développement des enfants et des jeunes présentant un trouble du spectre de l'autisme.

Et kommen deemno nach dräi nei Zentren derbäi:

  • den Centre pour le développement socio-émotionnel,
  • den Centre pour le développement des apprentissage an
  • dem Centre du suivi des enfants et jeunes intellectuellement précoces.

Et kënnt mat dësen Zentren zu engem Paradigmewiessel an der pedagogescher Approche. Déi jeeweileg Zentre kréien eng pedagogesch Autonomie zougesprach, si iwwerhuelen an Zukunft méi Aufgaben a kréien dofir och méi Ressourcen.

Donieft gouf och eng "Agence de transition à la vie active" geschafen. Dës nei Agence koordinéiert d'Aarbechte vun den Zentere fir d'Jugendlech op den Aarbechtsmaart virzebereeden, hinnen den Accès op den Aarbechtsmaart ze erliichteren oder hinnen ze hëllefen an engem Atelier protégé ënner ze kommen.

Endlech gouf Neel mat Käpp gemaach

Fir den Deputéierte Gilles Baum war et kloer datt bei dësem Projet d'Inclusioun misst am Mëttelpunkt stoen. "Et geet awer net duer nëmme vun Inclusioun ze schwätzen, mä et muss een och d'Bedingunge schafen, dass dat an de Schoulen iwwerhaapt méiglech ass an et net bei eidele Wierder bleift. Wann ee wierklech wëll eng "Ecole pour tous" schaffen, da muss een awer och bereet sinn sech dofir d'Ressourcë fräi ze stellen", esou de Gilles Baum.

Hien huet d'Regierung gelueft, well elo endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. Dës Regierung ass op de Wee gaange fir esouwuel d'Strukture vu der Ediff ze reforméieren, ewéi och dat néidegt spezialiséiert Personal op den Terrain ze schécken. Dat wier der Regierung héich unzerechnen a géings datt dës Regierung hir Verantwortung géing iwwerhuelen.

 


Lex Delles

Gilles Baum