Sie sind hier

Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass gutt a kann nach besser ginn

News Außenpolitik Gusty Graas

Eisen Deputéierte Gust Graas ass haut an der Debatt iwwert d’Lëtzebuerger Kooperatioun um Krautmaart intervenéiert. D’DP steet hannert der Entwécklungspolitik vun der Regierung. Et wier awer un der Zäit, fir sech Gedanken iwwert eng Reform vum Kooperatiounsgesetz ze maachen.

Hei e puer vum Gusty Graas senge pertinentsten Aussoen:

  • D’Lëtzebuerger Kooperatioun ass mat 1% vum PIB virbildlech, och well eist Land keng Géigeleeschtunge vu senge Partner verlaangt.
  • Et gëtt och hei am Land Leit an Nout an déi kréien duerch eist enkt Sozialnetz gehollef. Ma op der Welt ginn et aner Defien, déi net vergläichbar mat eise Problemer sinn.
  • D’DP gesäit an der Lutte géint d’Äerderwiermung an den äermste Länner vun der Welt eng wesentlech Erausfuerderung vun der Entwécklungshëllef. D’Europäesch Investitiounsbank soll méi eng grouss Roll beim Finanzement vu Klimaprojete spillen
  • An der Flüchtlingsfro feelt et ëmmer méi u Solidaritéit an der EU. Dofir muss d’europäesch Asylpolitik reforméiert ginn. D’DP steet fir d’Aféierung vu Quoten, proportionell zur Populatioun vun den eenzelen EU-Staaten.
  • Den Haaptobjektiv vu Lëtzebuerg ass d’Eliminatioun vun der extremer Aarmut bis 2030. Dat Zil soll verstäerkt mat neie Partner ugestrieft ginn, och aus dem Privatsecteur.
  • Eis Kooperatioun soll op eng begrenzt Zuel vun Zillänner limitéiert bleiwen. Esou kann een iwwer Joren eng Strategie entwéckelen. Als nei Zillänner komme virun allem Staaten aus der Sahelzon a Fro.
  • D’Entwécklungshëllef soll sech weider op e puer Schwéierpunkte konzentréieren. D’Agrarpolitik muss méi staark ënnerstëtzt ginn.
  • All Bierger kann duerch säi perséinlecht Konsumverhalen d’Situatioun an Entwécklungslänner verbesseren. Fair Trade a Respekt vun de Mënscherechter ginn awer och d’Wirtschaft eppes un. Mir mussen an eise Géigende méi e responsabele Kapitalismus opbauen.
  • D’EU muss méi an Afrika investéieren. Mir dierfen dee Kontinent net eleng China iwwerloossen.
  • Bei Naturkatastrophë ka Lëtzebuerg seng modern Kommunikatiounstechnik séier an effikass op der Plaz asetzen. Ma och déi psychesch Betreiung – besonnesch vu Kanner – ass e wichtegen Aspekt vun der humanitärer Hëllef.
  • Déi vill Lëtzebuerger ONG’e spillen eng ganz wichteg Roll an eiser Kooperatiounspolitik. Mir soen hinne Merci!

 


Gusty Graas