Sie sind hier

Budget 2017: Am Zeeche vu méi Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Kuerz virun de Feierdeeg ass an der Chamber de Budget fir d’Joer 2017 gestëmmt ginn. De Finanzminister Pierre Gramegna huet betount, datt et genee de richtege Budget zum richtegen Ament ass.

 

Et ass e Budget vun der Qualitéit, well en den Accent op qualitative Wuesstem leet. Et ass e Budget vun der Solidaritéit, well en den Zesummenhalt an der Gesellschaft weider stäerkt an et ass e Budget vun der Kompetitivitéit, well en eist Land an eis Wirtschaft op d’Erausfuerderunge vun der Zukunft virbereet.
Pierre Gramegna, Finanzminister

 

Investissementer fir d'Zukunft ze preparéieren

Investitioune vun haut setzen d’Jalone fir muer. Ënnert der Regierung sinn d’Investissementer permanent an d’Luucht gaangen. D’nächst Joer si ganzer 2,3 Milliarden un Investitioune virgesinn. Dat sinn der nach eng Kéier 100 Millioune méi wei dat Joer virdrun. Och an de Joren 2018 an 2019 sollen d’Investissementer weider op Rekordniveau bleiwen.

D’Regierung investéiert an eng staark Finanz- a Wirtschaftsplaz, déi qualitative Wuesstem schaaft a Aarbechtsplaze séchert. Si investéiert an d’Mobilitéit, well Stau kascht Liewensqualitéit an Zäit, si investéiert an d’Schoul fir all Kand déi nämmlecht Startchancë ze bidden, si investéiert an de Logement fir datt jidderee kann een Doheem fannen. Dat sinn eenzel Puzzelstécker, déi eist Land zesummen no vir bréngen.

 

Wann de Wand vun der Verännerung bléist, bauen déi eng Maueren an déi aner Wandmillen. D’selwecht ass et mat der Entwécklung vun eisem Land. Et kann een déi Entwécklung einfach passéiere loossen oder et kann een si aktiv begleeden. D’Regierung huet sech fir dat zweet decidéiert.
Eugène Berger, Fraktiounspresident

 

Scholdespiral ass gebrach

De Finanzminister Pierre Gramegna huet och ënnerstrach, datt d’Regierung d’Staatsfinanzen am Grëff huet. Tëscht 2013 a 2016 ass d’Staatsverschëldung par rapport zum BIP nämlech vun 23,5% op 20,5% zeréckgaangen. Hätt d’Regierung deemools 2013 d’Äermel net eropgestrëppt, géif Lëtzebuerg haut bei enger Staatsverschëldung vun 29.2% par rapport zum BIP leien a souguer riskéiert déi europäesch Reegelen net méi ze respektéieren. Domat wier och den Triple-A séier fort gewiescht. Trotz deenen héijen Investissementer an deene leschte Joren huet dës Regierung bis elo och keen neien Emprunt missen ophuelen. Ufanks dës Joers gouf esouguer een Emprunt vu 400 Milliounen zreéckbezuelt.

D’Regierung huet seng Hausaufgaben also gemaach an dofir steet d’Land haut besser do wéi nach 2013.

 


Pierre Gramegna

Eugène Berger