Sie sind hier

Neit Nationalitéitegesetz

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

Den Eugène Berger huet an der Chamber d’Wichtegkeet an de Stellewäert vun der Nationalitéit an eiser Gesellschaft ënnerstrach a begréisst, datt d’Regierung et fäerdeg bruecht huet an dësem Dossier e grousse Konsens ze fannen, wou d’Koalitiounsparteien zesumme mat der CSV, en Text geschriwwen hunn, fir eis Dispositiounen ze moderniséieren an un d’Realitéite vun haut unzepassen.

Déi wichtegst Ännerunge betreffen engersäits d’Residenzdauer, déi vu 7 op 5 Joer erofgesat gëtt an anerersäits d’Aféiere vun engem „droit du sol“. Dës Mesurë maachen den Zougang zur Nationalitéit méi gerecht, an awer ass d’Nationalitéit och weiderhin un eng Réi wichteg Konditioune gebonnen: „Mir sinn eis eens, datt een eréischt Lëtzebuerger ka ginn, wann een eng Rei Efforte gemaach huet an och Preuvë liwwert, datt een sech zu Lëtzebuerg agelieft an integréiert huet. Mat dësem Nationalitéitegesetz gëtt de Pass net bradéiert, d’Identifikatioun an d’Integratioun bleiwen och an Zukunft wichteg Viraussetzunge fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit kënnen unzehuelen“, esou den Eugène Berger.

Och d’Kenntnis vun der Lëtzebuerger Sprooch ass am neie Gesetz e wichtege Kritär, dee net verwässert gouf. Fir d’DP ass a bleift d’Lëtzebuergesch d’Integratiounssprooch Nummer 1, wann een hei am Land lieft a schafft. Dës Positioun gëtt och ënnerstrach duerch déi vill konkret Mesurë fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, déi d’Regierung ënnert Impulser vun DP Ministeren decidéiert huet.

view video on chd.lu


Ried vum Eugène Berger

 


Eugène Berger